Radioen

On air

Notturno  |  Nourished By Time - The Fields

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Team-Juncker: Bonne Note am Sozialen, Datz an der Migratioun

Bilan Juncker-Kommissioun

Team-Juncker: Bonne Note am Sozialen, Datz an der Migratioun

Wéi gutt huet des Europäesch Kommissioun ënnert der Leedung vum Ex-Lëtzebuerger Premier hir Aarbecht gemaach? Am Hierscht geet d'Mandat vum Jean-Claude Juncker op en Enn. An elo, kuerz virun den Europawahlen, ass ee gudde Moment, mol ee Bilan ze zéien.

auto_stories

3 min

Foto: Jean-Francois Badias (Archiv).

De Jean-Claude Juncker ass 2014 ugetrueden, un der Spëtzt vun enger "politescher" Kommissioun, déi hie selwer als déi vun där "leschter Chance" bezeechent huet.

Knapps war hie Chef vun der Bréisseler Institutioun, ass de Luxleaks-Skandal ausgebrach. Eent war kloer: vun elo un géif ganz genee drop gekuckt ginn, wat dës Kommissioun a Saache Kampf géint Steierevasioun géif maachen.

Luxleaks als Moteur fir eng aner Politik

No bal fënnef Joer ginn déi schäerfste Kritiker dem Lëtzebuerger Ex-Premier a sengem Team eng bonne Note an deem Beräich. Zum Beispill de Sven Giegold, Europadeputéierte vun deene Gréngen.

"Et ass wouer, datt dës Kommissioun méi fir Steiergerechtegkeet a géint Blanchiment gemaach huet, wéi all déi virdrun."

Fir den Ilkka Penttinen vun der ONG Transparency International hu Skandaler wéi Luxleaks dës Kommissioun massiv beaflosst.

"Et gouf definitiv méi ee groussen Appetit fir déi Sujeten. An de Jean-Claude Juncker wier méi an d'Kritik geroden, wann d'Kommissioun hei näischt gebueden hätt."

Am soziale Beräich hat de Jean-Claude Juncker d'Lat ganz héich geluecht. Hie wéilt een Triple A fir d'EU, sou seng Annonce viru fënnef Joer.

Triple A am soziale Beräich?

Sou wäit, him deen Titel ze ginn, géif de Luca Visentini, Generalsekretär vun der Europäescher Gewerkschaftsconféderatioun, net goen. Allerdéngs fält säi Bilan vun der Juncker Kommissioun däitlech méi positiv aus, wéi dee vun där viregter ënner dem Portugis José Manuel Barroso.

D'Equipe Juncker huet verstan, datt déi ekonomesch Kris an d'Austeritéitspolitik Blessuren hannerlooss hunn, sou de Gewerkschaftler.

"Si huet verstan, datt nees ee sozialen Equiliber misst hiergestallt ginn. Dowéinst huet d'Kommissioun eng Serie vu Gesetzer am soziale Beräich lancéiert. Als nächste Schratt koum d'Ausruffe vum soziale Pilier a weider Gesetzesprojeten."

De Luca Visentini hieft besonnesch d'Reform vun der Direktiv fir detachéiert Salariéen oder d'Schafen vun enger Europäescher Aarbechts-Agence ervir. Déi allerdéngs gëtt vu sengem Kolleg, dem Chef vun der Europäescher Transportgewerkschaft, dem Eduardo Chagas, ebe just kritiséiert.

Frustratioun bei Transportgewerkschaft

Duerch den Drock vun de Memberlänner wier aus där Autoritéit ee Pabeier-Tiger ouni Zänn ginn. D'Aarbecht vum Team Juncker léisst hie frustréiert zeréck.

Am Transportberäich wieren d'Interête vun de Leit systematesch um Altor vun den Negociatiounen tëscht den europäeschen Institutioune geaffert ginn, sou säi ganz negative Verdikt.

"Fir eis gouf et méi Wierder wéi Aktiounen. D'Revisioun vun der Direktive fir detachéiert Salariéë gouf op Käschte vun deenen, déi am Transportberäich schaffen, gemaach. Am Mobilitéitspak ass et nach méi kloer, datt d'Kompromësser all an déi nämmlecht Richtung ginn: wat eigentlech illegal ass, gëllt an Zukunft net méi als illegal - an domat ass de Problem geléist."

Migratioun: de Memberlänner ënnerworf

Dee Beräich, an deem des Kommissioun déi mannste Punkte kritt, ass sécher d'Migratioun. 2015, wéi déi sou genannte Migratiounskris ausgebrach ass, sinn d'EU-Staats- a Regierungscheffen a Panik geroden an deemools huet d'Kommissioun net gutt reagéiert, seet d'Catherine Woollard vum "European Council of refugees and exiles", enger Daachorganisatioun vu Flüchtlings-ONGen.

"Et wier gutt gewiescht, weider no kollektive Léisungen ze sichen. Amplaz dovun huet d'Kommissioun matten an der Kris nei Gesetzer proposéiert. Dat huet net gehollef."

Zwou Saache waren alarmant, sou d'Catherine Woollard:

"Éischtens ass aus der Strategie eng ginn, déi Migratioun an d'EU verhënnere sollt, ouni Récksiicht op d'Konsequenzen dovun. Zweetens hu mir eng Kommissioun erlieft, déi sech de Memberstaaten ënnerworf huet amplaz sech fir d'europäesch Valeuren anzesetzen."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.