Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Téléconsultatioune sollen an d'Nomenclature vun der CNS opgeholl ginn

Medezin

Téléconsultatioune sollen an d'Nomenclature vun der CNS opgeholl ginn

D'Teleconsultatiounen hu sech an der Pandemie bewäert: D'Patiente konnten hiren Dokter kontaktéieren, ouni ze riskéieren, aner Leit am Waardezëmmer mat Covid-19 unzestiechen, oder sech selwer ze infizéieren.

auto_stories

2 min

Symbolbild. Foto: Bigstock / megaflopp

Lauschterenplay_arrow


D'Iwwerraschung bei den Doktere war grouss, wéi et den 19. Juli vun der CNS geheescht huet, datt d'Téléconsultatiounen net méi géife rembourséiert ginn.

De Grond war einfach: D'Ordonnance vun der Santésdirektioun war net erneiert ginn. Dat hat awer just administrativ Grënn.

D'Erfarunge vun der Téléconsultatioun sollen ausgewäert ginn

De Santésdirekter Jean-Claude Schmit seet, et hätt ee Wëlles, d'Téléconsultatioun an d'Nomenclature vun der CNS ze integréieren. Wéini, dat ass awer nach net kloer, et géif kee ganz detailléierten Zäitplang ginn.

D'Santé wéilt an enger éischter Etapp eng Analys maachen iwwer d'Erfarungswäerter, déi ee mat der Téléconsultatioun gemaach huet.

Esou wéilt ee feststellen, wou nach Verbesserungen ze maache sinn, souwuel beim techneschen Deel, wéi och bei prakteschen Aspekter, esou den Dr. Jean-Claude Schmit am 100,7-Interview.

An engem zweete Schrëtt wéilt een dann d'Téléconsultatioun an d'Nomenclature vun der CNS ophuelen. Dat ass awer eng Prozedur, déi e puer Méint dauere kann, erkläert den Direkter vun der Santé.

Téléconsultatioun soll spéider méi breet agesat ginn

Déi nei Ordonnance vun der Santé leeft bis de 15. Oktober - a misst da warscheinlech nach eng Kéier erneiert ginn.

Virun 2023 wäert d'Teleconsultatioun nach net zum Standard-Repertoire vun der CNS gehéieren - mee duerno soll se och an anere Fäll zum Asaz komme wéi just beim Covid-19.