Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Télétravail um Mëttwoch

Zuchaccident

Télétravail um Mëttwoch

Wéinst dem Zuchaccident vun Dënschdeg de Moien bleift d'Zuchstreck tëscht Beetebuerg a Metz viraussiichtlech bis um Mëttwoch den Owend gespaart. Amplaz fuere Busser. Déi Betraffe passe sech un.

auto_stories

2 min

Am Ganzen assuréiere 24 Busser den Transport vun der Stader Gare a Richtung Diddenuewen tëscht Dënschdeg a Mëttwoch, dat sot eis de Spriecher vun den CFL, Mike van Kauvenbergh. Doriwwer eraus fueren all hallef Stonn Zich op der Streck Péiteng-Rodange-Lonkesch-Metz. Betraffene Passagéier solle sich um Internetsite vun den CFL informéieren, wou déi aktuellst Ersazpläng a Noriichten ze fanne wieren.

D'CFL ginn dovun aus, datt ronn 9000 franséisch Frontalieren um Dënschdeg Owend op den ëffentlechen Transport missten zréckgräifen. Dofir wier zousätzlecht Personal op der Stader Gare virgesinn, dat de Passagéier hier Froe beäntwert a si orientéiert.

"Et muss een et huele wéi et kënnt"

D'Passagéier selwer erliewen d'Situatioun mat gemëschte Gefiller. "Et goufe vill Informatiounen um Internet, ech war also zanter de Moien um Courant", erzielt ee Betraffenen um Dënschdeg op der Stater Gare.

Een anere verréit, datt hien um Mëttwoch Télétravail vun doheem aus wäert maachen. "Et muss een et huele wéi et kënnt", seet ee weidere Frontalier. "Ëmmerhin ginn et Schëlter op der Gare a Personal wat eis weiderhëlleft". Ee weidere Mann fënnt, datt et net genuch Informatiounen zu den Ännerungen am Verkéier ginn, "an déi déi et ginn sinn och nach falsch".

Associatioun bedauert allgemeng d'Situatioun op der Streck

Den Henry Delescaut President vun der "Association des voyageurs du TER Metz-Luxembourg" gëtt, méi allgemeng, ze bedenken, datt d'Situatioun op der Streck Lëtzebuerg-Frankräich souwisou schonn net gutt wier. D'Zich hätten dacks Verspéidung. Mëttlerweil géif et awer eng vergläichsweis gutt Kommunikatioun zu den CFL an dem Transportministère ginn, wat hie positiv gesäit.

Gläichzäiteg seet den Henry Delescaut, virun allem d'Stater Gare wier net méi un dat aktuellt Verkéiersopkommes ugepasst: "Den essentielle Problem ass deen, datt d'Stater Gare net méi genuch Plaz bitt fir de Flux, deen et gëtt, opzefänken. D'Infrastrukture sinn al a ginn net duer, et ginn net genuch Quaien"

Hie wier sech bewosst datt aktuell vill um Lëtzebuerger ëffentlechen Transport géif geschafft ginn, seet hien. D'Resultater vun deenen Aarbechten gesäit ee, senger Meenung no, awer eréischt a ronn fënnef Joer.

Zuchstreck gespaart: Reaktioune vun de Passagéierplay_arrow