Radioen

On air

De Weekend  |  Django Django - Waking Up Feat. Charlotte Gainsbourg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Temoignage: Ee Jong a seng Mamm flüchten aus der Ukrain

Ukrain-Krich

Temoignage: Ee Jong a seng Mamm flüchten aus der Ukrain

De Stroum vu Flüchtlingen aus der Ukrain an d'Nopeschlänner hält net op. D'UNO geet dovunner aus, datt bis ewell iwwer annerhallef Millioune Leit aus der Ukrain geflücht sinn. Zwee vun hinnen hunn eisem Korrespondent vun hirer Rees erzielt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Julian ass 17 Joer al. Wier hien ee Joer méi al, dann hätt seng Mamm hien net kënne mat aus der Ukrain huelen.

Jiddwer Mann tëschent 18 a 60 Joer muss am Land bleiwe fir ze kämpfen.

Fraen, Kanner an eeler Leit sti Schlaang - zu Fouss oder mam Auto op der ukrainescher Säit vun der Grenz a Richtung Polen. Op der polnescher Säit gëtt et waarmt Iessen, Medezin, et gi Lagerfeier fir d'Flüchtlingen och bei Minusgrade waarm ze halen.

Trotzdeem ziddert d'Aliona, sief et wéinst der Keelt, oder der Angscht. "Mir si vu Charkiw", zielt si.

"Ech si mat mengem Jong geflücht, well vill Bomme gefall sinn, all d'Gebaier sinn zerstéiert. Vill Leit sinn dout a leien op de Stroossen. Eist Haus ass zerstéiert, all d'Fënstere si futti."

De Papp kann net flüchten

Dem Julian säi Papp huet d'Famill vun Charkiw op Dnipro bruecht, vun do aus si Mamm a Jong op Lwiw geflücht a vun do aus a Polen. Et wier eng ganz haart Rees gewiescht, souwuel physesch wéi och mental, zielt d'Aliona. "Mir waren 22 Stonne laang am Zuch."

De Papp dierf net flüchten - hie passt op de Rescht vun der Famill an der Ukrain op, déi an der Ukrain ass. Just de Julian a seng Mamm Aliona hu konnte flüchten, zielt si:

"Ech hu siwen Deeg laang gekrasch, mäin Häerz ass gebrach, mäi Liewen ass gebrach. Ech hunn näischt méi, keen Doheem méi, kee Land méi. Et ass immens haart."

D'Mamm a Jong hunn op der Grenz op e Frënd gewaart, dee si soll bis bei de Bus bréngen, dee si an Däitschland bréngt.

Um 12. Dag vun der russescher Invasioun fillen si sech da villäicht e bësse méi a Sécherheet. De Rescht vun der Famill bleift am Krichsgebitt.