Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  New Order - Blue Monday '88

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tëscht Rivalitéit a Complementaritéit

Spideeler

Tëscht Rivalitéit a Complementaritéit

D'Fusioun tëscht dem Spidol um Kierchbierg an der Zitha-Klinik wär ofgeschloss, d'Retizenzen, déi et de Part et d'autre gouf, sinn iwwerwonnen, seet den Direkter vum Spidolsgrupp Robert Schumann Claude Schummer. Hien huet och den Interêt vum Kierchbierg confirméiert, fir de Centre national d'ophtalmologie spécialisée an engem neie Gebai bei sech um Site ënnerzebréngen, dat awer als onofhängeg Struktur.

auto_stories

2 min

Sou wéi déi national Zentere fir Häerzchirurgie oder Radiotherapie raimlech zwar beim CHL, respektiv beim CHEM ugesidelt sinn, awer als eegestänneg Entitéiten, sou sollt och déi national Ae-Klinik onofhängeg bleiwen, also net an d'Kierchbierger Spidol integréiert ginn, mee just niewendru kommen - well de Kierchbierg awer den natierleche Site fir esou en Zenter wier, sou den Dokter Claude Schummer.

Rivalitéit a Complementaritéit

An der Ophtalmologie géif ee méi wéi 50 Prozent vun allen Interventiounen am ganze Land maachen. Wéi den Numm opthalomologie spécialisée et géif soen, wieren dat "net nëmme Katarakten-Operatiounen, mee dat wieren dann och Netzhait an aner Geschichten", esou de Claude Schummer. Et wéilt ee probéieren dës Aktivitéite weider ze entwéckelen, an "dann och Centre national ze ginn".

D'Situatioun an der Lëtzebuerger Spidolslandschaft wier markéiert vun enger gewësser Rivalitéit: Haaptkonkurrent vum Grupp Robert Schuman ass den CHL. Déi Konkurrenz wier awer produktiv, jiddweree géif besonnesch déi Aktivitéiten entwéckelen, op deenen e souwisou Virsprong hätt: An der Chirurgie beispillsweis géifen um Kierchbierg duebel esou vill Interventioune gemaach gi wéi am CHL.

Digitale Patienten-Dossier

Nieft der Konkurrenz géif et awer och d'Complementaritéit tëscht de verschiddenen Haiser ginn, plazeweis gi souguer Zesummenaarbechten ugestrieft. Beispill: Den digitale Patienten-Dossier, deen CHL a CHEM am Abrëll an enger éischter Phas eleng ënner dem Numm Dopamin lancéiert haten.

Eng final Decisioun wier awer nach net geholl, mee de Claude Schummer weist sech interesséiert un dësem Projet matzemaachen. "Ech mengen, dat wier am Interêt vum Lëtzebuerger Patient, egal wou e versuergt gëtt".

An deen Dossier kommen all d'Informatiounen iwwer e Patient stoen, soubal en Traitement ufänkt. All déi Professionell, déi am Laf vun deem Traitement intervenéieren (a just si) kënnen dann dorop zeréckgräifen.

Urgencen: Eng organisatoresch Erausfuerderung

Bei den Urgencë gëtt déi parallel Garde, déi CHL a Kierchbierg vun 2019 un dagsiwwer sollen ubidden. Fir béid Haiser wier dat eng organisatoresch Erausfuerderung, seet de Generaldirekter vum Grupp Schuman.

Och eng Belaaschtung fir d'Dokteren, déi dann duebel souvill Déngschter mussen assuréieren. Mam CGDIS misst elo gekuckt ginn, no wéi enge Critèren e Patient mat der Ambulanz an dat eent oder anert Spidol geféiert soll ginn. De SAMU soll ëmmer nach ofwiesselnd deen Dag an de CHL an deen aneren op de Kierchbierg fueren.