Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trump: Wierklech eng Anti-Establishment-Figur?

RIICHT ERAUS

Trump: Wierklech eng Anti-Establishment-Figur?

Den zukünftegen amerikanesche President Donald Trump ass fir vill vu senge Supporteren eng Anti-Establishment Figur, déi Erneierung soll bréngen. Hien entouréiert sech awer mat Leit aus dem "alen" Establishment, a seng zukünfteg Politik wier schwéier anzeschätzen, huet et an der Emissioun "Riicht eraus" geheescht.

auto_stories

5 min

De Gerd Hurm, d'Sharon March an den Eugène Berger

Den nei-gewielten amerikanesche President ass am Gaang, vu senge Wahlverspriechen zeréck ze rudderen. Hie wéilt d’Krankeversécherung, déi de Barack Obama agefouert hat, awer net ganz ofschafen, sot den Donald Trump an engem Interview mam Wall Street Journal. Am Wahlkampf hat hie nach ugekënnegt, d’Gesondheetsreform géif dat éischt ginn, wat hie géif ofschafen.

Et wier bedenklech, datt den Donald Trump seng Positioune bestänneg ännert, huet den DP-Fraktiounschef Eugène Berger a "Riicht Eraus" betount. D'Fuerderung vum Areesverbuet fir Mosleme wier kuerz virum Wahldag vum Trump sengem Internetsite erofgeholl, an duerno nees drop gesat ginn. Do géifen sech Froe vu Glaafwierdegkeet stellen. Den Donald Trump géif net zréck rudderen, sot d’Sharon March, Trump-Supporterin an Éierepresidentin vun de Republikaner zu Lëtzebuerg. D'Krankeversécherung wéilt hie just verbesseren: Hie wéilt se esou ëmsetzen, datt se legal ass.

Annulatioun vum Klimaaccord?

Och d’Mauer, déi den Donald Trump un der mexikanescher Grenz wéilt baue loossen, dierft een, der Sharon March no, net wuertwiertlech huelen. Et géing drëms goen, fir déi illegal Immigratioun ze kontrolléieren.

Wat den internationale Klimaaccord ugeet, mengt Sharon March dann och éischter net, datt den Donald Trump deen Akkord wäert annuléieren.

Rhetorik vun der Spaltung

Ewéi aner Presidente virun him, huet och den Donald Trump, a senger Ried no senger Victoire, gesot, hie wéilt déi amerikanesch Gesellschaft nees zesumme bréngen. Dëse méi moderaten Toun vum President-Elect, an d’Beméiunge vum Barack Obama, fir eng gutt Transitioun ze erméiglechen, huet den däitschen Amerika Expert Gerd Hurm positiv bewäert.

De Chef vum Centre for American Studies zu Tréier huet awer bezweifelt, dass den Donald Trump déi gespléckten amerikanesch Gesellschaft zesumme ka bréngen. Esou Spaltunge géif et scho laang an der amerikanescher Gesellschaft - ënnert dem Ronald Reagan, a laang virdrun, mam Civil Rights Movement, an de 1950er, 1960er Joeren hätt et déi Tendenz och ginn. Ma den Donald Trump hätt se fir säin Avantage genotzt a polariséiert.

E "knaschtege Wahlkampf"

D’Demokratin Hillary Clinton hätt par konter op Solidaritéit gesat, esou den Eugène Berger vun der DP. Ma och si hätt polariséiert. Et wier e "knaschtege" Wahlkampf gewiescht, wou een deen aneren opgehetzt hätt, esou dee liberale Politiker, dee fir déi europäesch OSZE (Organisatioun fir Sécherheet an Zesummenaarbecht) als Wahlobservateur am US-Bundesstaat Florida war.

Fir d’Republikanerin Sharon March wier et éischter d’Hillary Clinton, an de Nach-President Barack Obama, déi polariséiert hätten. Den Obama hätt sech an de Wahlkampf agemëscht an d’Hillary Clinton ënnerstëtzt – dat dierft ee President net, dat géif "d’Natioun spalten" - esou d’Trump-Supporterin, déi zanter iwwer 20 Joer zu Lëtzebuerg lieft. Och der Hillary Clinton hir dacks zitéiert "Deplorables"-Ried, an där si d’Trump Supportere "bedauernswäert, Rassisten, Xenophoben, Sexisten, homophob an islamophob" genannt huet, hätt d’Gesellschaft nach méi polariséiert, esou d’Sharon March.

"Trump is not MY President"

Déi aktuell Protester vun deenen, déi den Donald Trump net als hire President gesinn, si fir den DP-Politiker Eugène Berger en Zeechen, datt vill Leit Angscht hunn, datt laang erkämpfte Rechter a gesellschaftlech Errungenschaften ënnert dem Donald Trump ofgebaut kéinte ginn. Dat géif zum Beispill fir déi afro-amerikanesch Communautéit an den USA gëllen.

Et wier net nëmmen aus wirtschaftleche Grënn gewielt ginn, mengt den DP-Politiker. Datt den Donald Trump d’Stëmm vun de Verléierer vun der Globaliséierung an dem neo-liberale Kapitalismus gouf, wier nëmmen ee vu ville Facteuren, déi zu sengem Succès bäigedroen hätten. Och Ideologie hätt beim republikanesche Vote mat gespillt. Déi republikanesch Anti-Ofdreiwung, Anti-Immigratiouns- a Pro-Waffe-Lobby Politik wier bei Trump-Wieler gutt ukomm, esou nach den Eugène Berger.

Anti-Establishment: En amerikanesche Mythos

D’Resistenz géint de Staat an d’Regierung wieren, dem Professer Gerd Hurm no, an der amerikanescher Kultur verankert. Schonn am 19. Joerhonnert hätt den amerikanesche Schrëftsteller Henri David Thoreau argumentéiert, dass déi bescht Regierungen déi wären, déi sech am mannsten amëschen. Problematesch wier awer, datt d’Politik, zanter dem Ronald Reagan, als eppes Schlechtes géif duergestallt ginn. "D’Politik misst rehabilitéiert ginn", seet dofir de Gerd Hurm, deen et ganz bedenklech fënnt, wann Politik vun Ufank un "ënner Generalverdacht" gestallt géif ginn.

Den däitsche Professer huet och hannerfrot, awéiwäit den Donald Trump senger Roll als Outsider, deen Erneierung fir Amerika brénge wëll, gerecht ka ginn. Do wier intressant, datt am Trump sengem Team fir déi Erneierung, Leit wieren, déi zum "ale politeschen Establishment" gehéieren, esou wéi de Newt Gingrich, de Géigekandidat vum Bill Clinton an de 1990er Joren.

Léieren aus der Trump Victoire

Et misst een de Populiste méi nolauschteren an op hir Argumenter an Ängschten agoen, äntwert den DP Fraktiounschef Eugène Berger op d’Fro, wéi een e weideren Opschwong vu populistesche Parteien a Bewegungen an Europa verhënnere kann. Dat wier net einfach, well een op där anerer Säit och un de Valeure misst festhalen, déi vu Populisten a Fro gestallt ginn.

Fir de Gerd Hurm ass et virun allem wichteg, datt de politeschen Discours op Fakten, an net op Lige baséiert ass. D’Medien hätten do eng grouss Responsabilitéit, fir Fakten ze iwwerpréiwen a net Ligen a "Verschwörungstheorien" weider ze verbreeden. D’Roll vu Facebook géif, dem däitsche Professer no, do zu Recht kritiséiert ginn.