Radioen

On air

Notturno  |  Homegrown Syndrome - Got The Love

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Thierry Breton: Schwiereg Prüfung am Europaparlament

NEI EU-KOMMISSIOUN

Thierry Breton: Schwiereg Prüfung am Europaparlament

Dräi Kandidaten aus der Equipe vun der neier EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen mussen nach vum Europaparlament guttgeheescht ginn. Speziell fir den Thierry Breton, dee soll Kommissär fir de Bannemaart ginn, dierft dat keen einfachen Exercice ginn. Beim laangjärege Geschäftsmann gesi verschidden Europadeputéiert d'Gefor vun Interessekonflikter.

auto_stories

4 min

Et ass souzesoen déi zweet Equipe, déi en Donneschdeg bei den Auditiounen am Europaparlament untrëtt. Well dräi Kandidate vum Parlament refuséiert goufen, hu Rumänien, Ungarn a Frankräich missten neier op Bréissel schécken. Ausgerechent de Fransous Thierry Breton kéint et bei den Auditiounen am schwéierste kréien.

Déi lescht zéng Joer war hien Direkter vun Atos, enger grousser Entreprise, déi op Informatiounstechnologie spezialiséiert an a ville Secteuren aktiv ass.

Atos kéint profitéieren

Den Thierry Breton huet d'Strategië vun där Entreprise gepräägt a soll elo Gesetzer ausschaffen, déi dës Entreprise direkt betreffen. Dat ass ee Problem, seet de Martin Pigeon vu Corporate Europe Observatory, enger ONG, déi sech speziell mat Lobbyismus befaasst.

An der Lettre de mission, déi d'Ursula von der Leyen hirem Kommissär fir de Bannemaart mat op de Wee gëtt, steet zum Beispill och dran, hie soll sech ënner anerem drëm këmmeren, Standarde fir 5G-Reseauen auszeschaffen. Atos ass eng vun den Entreprisen, déi an deem Beräich schafft. "Eng Decisioun vum Här Breton kann hei eng gréisser Auswierkung entweder op d'Entwécklung vun Atos, oder op déi vun de Konkurrente vun där Entreprise hunn", seet de Martin Pigeon.

Atos profitéiert vun EU-Fongen. 2018 wieren dat dem CEO no iwwer 100 Milliounen Euro gewiescht, fir Projeten am digitale Beräich ze entwéckelen. Déi Sue ginn no seriöe Krittäre verdeelt, sou de Martin Pigeon. Atos kéint awer an Zukunft besser wéi anerer placéiert sinn, wann et ëm Appel d'offres geet.

Breton huet Offeren am Virfeld gemaach

Eng Partie Europadeputéiert deelen déi Bedenken.

En Dënschdeg huet den Thierry Breton déi éischt Etapp vun der Prüfung am Parlament sou just gepackt. Mat 12 zu 11 Stëmmen huet déi juristesch Kommissioun decidéiert, et géif kee Conflit d'intérêt an domat gréng Luucht ginn, datt de franséische Kandidat an déi nächst Etapp, d'Auditioun, kënnt. Bei deenen zwee anere Kandidate war de Vott unanime ausgefall.

Den Thierry Breton konnt ganz iwwerzeegend seng Onofhängegkeet noweisen, seet de franséischen Europadeputéiert vu Les Républicains, fréier UMP, de Geoffroy Didier. Hien huet an der Tëschenzäit och als Direkter bei Atos demissionéiert an all seng Aktië vun der Entreprise verkaf.

Derniewent hätt sech de Ex-Direkter engagéiert, net un Decisiounen an der Kommissioun deelzehuelen, déi seng fréier Entreprise Atos betreffe kéinten. "Wann hien sech all kéiers eraushale muss, wann eng Decisioun geholl gëtt, déi seng fréier Entreprise betrëfft, kann hie seng Aarbecht guer net maachen", seet dozou de Lobbyiste-Kritiker Martin Pigeon. Am Fong misst een dem Thierry Breton carrement een anere Portefeuille ginn.

Dat allerdéngs wier net sënnvoll, hält de Geoffroy Didier deem entgéint. Et wier berouegend, datt een Expert an der Matière de Portefeuille vum Bannemaart iwwerhëlt.

Stëmme vun de Sozialisten decisiv

Et wäerte weider Froen dozou an der Auditioun kommen, dat steet fir de Geoffroy Didier fest. Seng Fraktioun, déi vun der Europäescher Vollekspartei, stellt ronn mat engem Drëttel déi gréissten Deel vun deenen, déi dono mat ofstëmmen dierfen. Den Thierry Breton brauch zwee Drëttel vun de Stëmmen, fir d'Prüfung ze packen. D'EVP jugéiert hei um Contenu, seet den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen.

Um Enn kéint et awer knapps ginn, an et wäert drop ukommen, wéi sech d'Sozialisten, déi zweet gréisste Grupp bei deenen, déi mat ofstëmmen dierfen, positionéieren.

Si krute gëschter vun der zukünfteger Kommissiounspresidentin Zougeständnesser gemaach. Si hate sech dofir agesat, dat verschidden Titele vu Kommissären, dorënner dee vum Nicolas Schmit, misste geännert ginn. Dat soll elo geschéien - sou d'Annonce vun der Ursula von der Leyen - een Zuch, dee si méiglecherweis net zoufälleg een Dag virun deenen decisiven Hearinge gemaach huet. Si wëllt den 1. Dezember als Kommissiounspresidentin untrieden. Een negative Vott am Parlament géif dat onméiglech maachen.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.