Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Optimistesch an d'Europawahlen

Europawahlen 2019

Optimistesch an d'Europawahlen

Wann d'Leit politesch mat participéiere kéinten a si net am Reen stoe gelooss géife ginn, da géife si keng Extremer wielen. Där Iwwerzeegung ass d'Tilly Metz. Si géif optimistesch an d'Europawahlen de 26. Mee goen, sou déi gréng Spëtzekandidatin bei de Wahle fir een neit Europäescht Parlament.

auto_stories

2 min

Tilly Metz ass Europadeputéiert a Co-Spëtzekandidatin vun de grénge Lëtzebuerger fir d'Europawahlen

An hirem Wahlprogramm setzen déi gréng sech fir eng feministesch Aussen- a Sécherheetspolitik a fir méi Fridden a Sécherheet ze erreechen, sou d'Tilly Metz. Frae géife 50 Prozent vun der Populatioun ausmaachen an dofir wier et wichteg, datt déi Balance sech och an der Politik a virun allem an der Aussepolitik géif erëmspigelen. Aktuell géif d'Carrière vu verschiddene Frae bis op e gewëssen Niveau goen, trotz gudde Studien.

Hir Protestaktioun den 20. Februar dëst Joer op engem belsche Militär-Fluchhafen, verdeedegt d'Politikerin. Si hätt wëllen op de Risiko vun Atombommen an Europa opmierksam maachen. Wat déi juristesch Suite vun der Affär ugeet, hätt si nach kee Bréif vun de belschen Autoritéite kritt. Si kéint sech awer virstellen, datt dat nach geschitt, esou d'Tilly Metz.

Spëtzekandidatesystem "e Schrack no vir"

De Premier Xavier Bettel gesäit de Prinzip vun den europäesche Spëtzekandidate bei den Europa-Wahle skeptesch. Eng aner Meenung vertrëtt déi gréng Politikerin Tilly Metz. De System vun de Spëtzekandidate wier e Schrack no vir, e Schrack deen d'Europäescht Parlament gestäerkt hätt. Et soll een de Prinzip bäibehalen, sou d'Europadeputéiert a Co-Spëtzekandidatin.

D'Tilly Metz erënnert drun, datt deen zukünftegen EU-Kommissiounspresident eng Majoritéit am Europaparlament misst kréien. Ënner wéi enge Konditiounen déi gréng Fraktioun bereet wier, déi konservativ EVP an d'Sozialdemokraten am Europaparlament ze ënnerstëtzen. Et wier awer de Programm, deen ausschlaggebend wier, op Basis vun dësem géifen déi gréng sech da positionéieren.

Der Tilly Metz no sollt awer net onbedéngt de Spëtzekandidat vun der stäerkster Partei automatesch de Kommissiounspresident stellen. "Ech kéint mir duerchaus virstellen, datt et net ee vun de Konservative muss sinn, mee eventuell ee vun enger anerer Partei."