Radioen

On air

Tockcity  |  Kids Return - Lovers War

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Nach ëmmer juristesche Vide"

Dateschutz

"Nach ëmmer juristesche Vide"

Den 2. Februar ass mam "Privacy Shield", dem Schutzschild also, de neien Accord-Cadre fir den Transfert vun Donnéeë vun EU-Bierger an d'USA virgestallt ginn. Dësen Accord hat missten séier verhandelt ginn, nodeem den Europäesche Geriichtshaff am Oktober mam sougenannten Arrêt Schrems de viirechten Accord "Safe Harbour" gekippt hat. Lo hofft een ënner anerem bei der Lëtzebuerger CNPD datt d'Texter séier virgeluecht ginn.

Christiane Kleer

auto_stories

4 min

D'Tine Larsen ass zanter November 2014 Presidentin vun der nationaler Datschutzkommissioun

Déi national Dateschutzkommissioun CNPD begréisst de "Privacy Shield", den neien Accord tëscht der EU an den USA iwwert den Transfert vu perséinlechen Donnéeën. Mee d'Presidentin Tine Larsen seet och:  "Den Accord, sou wéi e bis elo presentéiert ginn ass, ass amfong just e Shake-Hands tëscht den amerikaneschen Autoritéiten an der EU-Kommissioun. Et ass e gutt Zeechen a mir begréissen den Accord, mee mir brauche lo séier Texter".  Well d'Garantië fir den Dateschutz, déi d'USA der EU ginn hunn, just Engagementer sinn, géing et dem Tine Larsen no, am Moment nämlech nach ëmmer e juristesche Vide ginn. 

Am Grupp "Artikel 29" vun den europäeschen Datschutzkommissiounen huet d'Justizkommissärin Vera Jourova gesot, et wier ganz schwéier, fir déi amerikanesch Situatioun ze änneren. De neien Accord vum 2. Februar géif haaptsächlech op Zousoen a Bréifaustausch bestoen. Gläichzäiteg géif awer dru geschafft ginn fir, zum Beispill, d'Funktioun vum Ombudsman op d'Been ze stellen. "D'Kommissioun huet versicht, souvill wéi méiglech Méiglechkeeten erauszeschloe fir datt déi europäesch Dateschutzkommissiounen kënnen intervenéieren", seet d'Tine Larsen.  

Zougrëff op Date just a präzise Fäll

Et wier generell ze fréi fir ze soen, ob de "Privacy Shield", genee wéi de Virgänger-Accord "Safe Harbour", virum EU Geriichtshaff riskéiert gekippt ze ginn. Nei wier hei awer, datt d'Amerikaner sech géife bereet weisen, sech anzeschränken a si gi Garantië fir ze soen, datt d'Zougrëffsrechter vun den amerikaneschen Autoritéiten op d'Daten just a präzise Fäll kënne virgeholl ginn. 

Zanter de "Safe Harbour" gekippt ginn ass, hätten d'Entreprisen, déi d'Donnéeën an d'USA wëllen transferéieren, der Tine Larsen no, "manner Outilen fir dat juristesch korrekt ze maachen". Dobäi wier et awer wichteg, datt dës Entreprisen ebe Garantië kréien iwwer d'Legalitéit vun sou Transferten an d'USA. 

Datschutzkommissioune fuerdere véier Garantien

Nom Urteel vum Europäesche Geriichtshaff huet d'CNPD, zesumme mat hiren europäesche Partner, och eng vast Analys vun der Situatioun an den USA, grad wéi vun den europäesche Jurisprudenzen, gemaach. Si zielt véier Garantien op, déi, den europäeschen Dateschutzkommissiounen no, misste gi sinn, fir datt Donnéeën am Aklang mat de Mënscherechter an en anert Land kënnen transferéiert ginn:

  • Traitementer vun Donnéen sollen op kloeren, präzisen a verständleche Regele baséieren: all Persoun muss iwwer den Transfert vun hiren Donnéeën informéiert sinn a verstoe mat domat geschitt
  • Proportionalitéit: et muss een Equiliber ginn tëscht de Finalitéite vun der Collecte vun Donnéeën, an de Rechter vum eenzelne Bierger 
  • Et muss een onofhängege Kontrollmechanism ginn 
  • De Bierger muss kënnen efficace op e Recours zréckgräifen

Kee Recours vun der CNPD

D'CNPD selwer huet net Wëlles e Recours ze maachen, am Fall wou den Accord, wann e bis integral virläit, net déi Garantië fir den d'Dateschutz liwwert, esou d'Tine Larsen. D’Dateschutzkommissioun wëll zesumme mat den aneren europäeschen Autoritéiten eng Analys maachen."Mir hätte gär als Datschutzautoritéite bis Enn Februar Texter déi beleeë wouran den Accord besteet", seet d'Tine Larsen. Bis Enn Abrëll wëllen d'Dateschutzkommissioun hiren Avis ofginn.