Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Toleranz an de Klassen - kee Sträit ëm de Vaccin

Fräie Mikro

Toleranz an de Klassen - kee Sträit ëm de Vaccin

Bei der Rentrée wäerten d'Diskussiounen ëm de Sujet "Corona-Vaccin" all d'Schoulpartner beschäftegen. De Risiko vu Sträit a Mobbing ass grouss. Elo ass de Moment fir Toleranz a Fairness ze trainéieren, mengt d'Judith Reicherzer, fréier Journalistin a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.

auto_stories

3 min

D'Judith Reicherzer ass fréier Journalistin a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch.

Lëtzebuerg genéisst grad e Stéck Normalitéit. Dës Woch kommen all d'Kanner zeréck an d'Schoul. Si sëtzen ouni Mask am Klassesall an erliewen e bal normale Schoulalldag - mat Musek a Sport an Excursiounen. Flott!

An awer wäert de COVID den Alldag am Klassesall vum éischten Dag u perturbéieren. Net op schouleschem Niveau, mee beim Zesummeliewen an der Klass.

Virun allem am Lycée wäert et batter Diskussioune ginn ëm de Vaccin. Vill Jonker sinn oder ginn elo geimpft, mee e puer resistéiere ferm. D'Solidaritéit an der Klass steet op der Kipp.

A COVID-Zäiten ass de Sujet Toleranz fir eis ganz Gesellschaft eng Erausfuerderung. Iwwer Politik a Fussball kann ee flott streiden, mee vill Leit fält et schwéier mat Impfgéigner ze diskutéieren.

Mobbing muss verhënnert ginn

D'Schoul ass do en Trainingsterrain. An der Schoul léiert een net just Mathe, mee och Sozialkompetenz a gesellschaftlech Wäerter. Toleranztraining ass Alldag am Klassesall, Sujete wéi Rassismus oder Gender sinn do grad héich aktuell, Diskriminéierung ass en "No Go".

Och beim Sujet Vaccin misste mir elo Toleranz weisen. Mir missten toleréieren, datt et Jonker gëtt, déi sech aus irrationaler Angscht net impfe loossen, misste Léit respektéieren, déi aus ideologesche Grënn géint de Vaccin sinn, a mir missten och mat ongeimpfte Kolleege gäre Basket spillen.

Mobbing muss verhënnert ginn, Solidaritéit zielt - grad an der Pandemie. Mee si funktionéiert just, wann och déi Ongeimpfte sech un d'Spillreegelen halen. Si hunn déi moralesch Flicht, sech seriö testen ze loossen. Si missten d'Hygiènsreegele strikt anhalen, och am Privaten extra virsiichteg sinn. A wann et an der Klass zu Clustere kënnt, misste si doheem a Quarantän bleiwen, an dat ouni online-Cours. Ween dës Reegelen net akzeptéiert, huet kee Recht op Toleranz. Fir COVID-Kamikaze ass keng Plaz an der Schoul.

D'Diskussioune musse gefouert ginn

Mat Teamgeescht awer funktionéiert Solidaritéit och a COVID-Zäiten erstaunlech gutt. En éischten Test dofir ass scho gemaach. Virun der Vakanz gouf et a ville Klasse Schüler, wou d'Elteren net wollten, datt si an der Schoul getest ginn. D'Enseignanten hunn dës Kanner net am Ree stoe gelooss, si hu se zum Beispill als Hëllef bei de COVID-Tester agebonnen, fir datt si viru deenen aneren net als Haulien dostoungen. An déi aner Schüler hunn dat akzeptéiert.

Elo geet et net just ëm e Wattestäbchen an der Nues, mee ëm eng Impfung. Dat ass nach eng ganz aner Erausfuerderung. An de Schoule wäerten dowéinst vill Detailer diskutéiert ginn, an de Klassen och. An déi Diskussioune si wichteg, mee dobäi däerfen d'Acteure keen Ueleg an d'Feier schëdden.

Bei dëser Rentrée geet et drëms ze verhënneren, datt sech Fronte bilden. Mee, wéi gesot, Toleranztraining ass Alldag an der Schoul, dofir stinn d'Chancen net schlecht, datt et mat der Solidaritéit awer klappt.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.