Radioen

On air

Tockcity  |  Sheebaba - Ambulanz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tornado: de Méindeg dono

Wiederkatastroph

Tornado: de Méindeg dono

Och nom Weekend stinn d'Betraffe vum Tornado zu Käerjeng a Péiteng nach ëmmer virun enger Partie Erausfuerderungen. Zum Beispill fir fir Schied, déi provisoresch reparéiert goufen, méiglechst séier eng permanent Léisung ze fannen. D'Françoise Keller war de Méindeg op der Plaz an huet mat Betraffenen iwwer hir Andréck nom Tornado geschwat.

auto_stories

3 min

"Et war iwwerall. Et ass jo wéi dir gesitt, ass hei praktesch keen Daach deen nach ganz ass. Leit, déi sech hëllefe konnten, hunn den Daach alt selwer erëm zou gemaach",seet een Awunner aus der Lëtzebuerger Strooss zu Péiteng.

Säin Daach a seng Garage bausse gouf vum Tornado e Freideg beschiedegt. Den Daachdecker an den Expert vun der Assurance géifen och zäitno kommen. "Mee wéi gesot et muss ee sech op d'Bee setzen, well wann ee bësse waart da kritt een näischt méi. Well ech hunn nämlech hei dräi Deeg gewaart, datt ee mir direkt nom Stuerm um Daach d'Lächer soll zoumaachen. Bis haut ass nach kee komm."

D'Organisatioun vun der Police an de Pompjeeë beschreift hien als "chaotesch". "Si ware wahrscheinlech iwwerfuerdert. Wann dir an eng Strooss kommt, wou et nach just ausgesäit, wéi wann déi ganz Strooss gesprengt gi wier, ass dat och vläicht normal. Do waren déi wahrscheinlech och net drop virbereet."

Grouss Solidaritéit

Bei enger Partie Awunner ass den Daach ganz fortgeflunn. Dat ass zum Beispill bei enger Awunnerin aus der Lëtzebuerger Strooss zu Käerjéng de Fall. Hiren Daach wier zwar lo provisoresch ofgedeckt, trotzdeem hofft si, datt et déi nächst Zäit net ze schlëmm reent. "Mir wëssen net, ob dat d'Waasser hält an och mat der Loft, dass d'Baatschen net fort fléien, well da si mir erëm op deem Punkt wou mir waren."

Fir dat ze verhënneren, huet si de Méindeg am Laf vum Dag nach Daachdecker kontaktéiert fir Devisen ze kréien. D'Fra ass den Ament just Dagsiwwer an hirem Haus,.

"Mir haten e Freideg den Owend ganz vill Chance. Eng Fra, déi ech kennen, ass an der Sportshal bei mech komm an huet mech gefrot, ob mir betraff wieren. An du hu mir direkt e puer Stroosse weider d'Elterenhaus zur Verfügung gestallt kritt, well dat eidel stoung, wou mir elo schlofe kënnen, datt mir net hei musse sinn. Ech muss soen, datt ganz vill Leit hëllefen. Et ass net ze begräifen an ech kann dat och ni méi gutt maachen, wat vill Leit fir eis gemaach hunn."

Ma net just Privatpersoune mee och Betriber ware vum Tornado betraff. Am Restaurant Annapurna zu Käerjeng ass den Daach an d'Terrasse vum Wand matgeholl ginn, d'Liwwerween goufe beschiedegt an ee Kach gouf blesséiert. De Mann ass mëttlerweil aus der Klinik erëm doheem, seet de Proprietär vum Restaurant. Et géif him erëm gutt goen. Vir wier alles zerstéiert, banne wier et net sou schlëmm. Döi Responsabel ginn dovun aus, datt si dës Woch kéinten ufänken ze schaffen.