Um 14.30 Auer op dësem Dënschdeg Nomëtteg war et souwäit: de Staatsminister ass um Krautmaart un d'Riednerpult getruede fir eng vun de wichtegste politesche Riede vum Joer.
De Xavier Bettel huet eng véierel Stonn laang geschwat, bis decidéiert gouf d'Sitzung z'ënnerbriechen - well mat Ausnam vun den Deputéiert huet keen de Premier héieren. D'Tounleitung vun der Chamber huet net fonctionnéiert, sou datt Chamber TV an och de radio 100,7 d'Ried net konnten iwwerdroen.
Mir hunn e Problem mam Toun. Et gëtt sou schnell wéi méiglech geleist. https://t.co/t49bmynfEs
— Chambre des Députés (@ChambreLux) April 25, 2017
"Mir hunn zesumme mat der Presidentekonferenz decidéiert d'Sitzung vun haut ofzeschléissen", huet de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo um 15.20 Auer annoncéiert.
Dëse Mëttwoch um 8.30 Auer gëtt deemno en neien Ulaf geholl. De radio 100,7 iwwerdréit d'Ried zur Lag vun der Natioun live, wann d'Tounproblemer bis dohi geléist sinn.