Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tour de France 2021

Sport

Tour de France 2021

De Moment steet an der Sportswelt zwar virun allem de Fussball am Mëttelpunkt, mee och anere Spëtzen-Sport steet virun der Dier: e Samschdeg ass nämlech de Startschoss fir déi 108. Editioun vum Tour de France.

auto_stories

2 min

Eigentlech sollt d'Grande Boucle zu Kopenhagen an Dänemark lass goen, well do awer de Moment d'Europameeschterschaft gespillt gëtt, déi ee Joer no hanne geréckelt gouf, huet een sech dofir entscheet den Tour zu Brest starten ze loossen. Kopenhagen soll dann 2022 Startpunkt vun der Tour de France sinn.

Onkloerheete fir de Public

Wéinst dem Coronavirus hunn d'Organisateuren och nees e Sécherheetskonzept op d'Bee gestallt, dat deem vum leschte Joer änelt. Déi 184 Coureuren an dat direkt Ëmfeld mussen sech jeeweils zweemol virum Start vum Rennen teste loossen an dann nach eemol um éischten an zweete Roudag. D'Ekippe sinn dann an enger Bubble ënnerwee, an an enger zweeter d'Organisateuren an d'Medien.

Spectateure sinn erlaabt, elo um Ufank awer nëmmen ageschränkt. An de Start- an Ziilberäich kënne maximal 5.000 Fans eran, awer just mat Mask. Dat ass konform mat de Reegelen, déi bis Enn Juni fir Sporteventer am Fräien a Frankräich gëllen. Dono kéint et jee no Infektiounszuelen, zu weidere Lackerunge kommen. Ob d'Biergpäss wéi am leschte Joer komplett fir d'Spectateure wäerte gespaart ginn, steet nach net fest a wäert wuel relativ spontan entscheet ginn.

Eng nei Reegel gëtt et dann nach wat d'Descenten ugeet. Fir déi vill Chutten z'evitéieren, déi et an de leschte Jore bei verschiddene Course gouf, huet de Vëlos-Weltverband verbueden, datt d'Coureuren sech op de Kader vun hirem Vëlo setzen, fir eng aerodynamesch Positioun anzehuelen.

Kee Lëtzebuerger um Start

Favoritten op d'Victoire am General si wuel sécher déi zwee éischt aus dem leschte Joer, Tadej Pogacar a Primoz Roglic. Dëse gesäit d'Favoritten-Feld awer e gutt Stéck méi grouss, wéi en no Léck-Baaschtnech-Léck gesot huet: "Et gi vill Jongen déi super staark sinn an d'Renne gewanne kennen. Et wäert net just e Kampf tëschent dem Tadej Pogacar a mir ginn, et gi weider 20 Jongen déi eng Chance hunn."
Zu dësen 20 gehéiere sécher de Geraint Thomas, Richie Porte oder och de Richard Carparaz.

3.414,4 Kilometer an am ganzen 21 Etappe wäerten tëscht dem 26.Juni an 18. Juli fir dës Editioun vun der Tour de France gefuer ginn. Do drënner dräi Arrivéeën uewen op engem Col an zwee Zäitfueren.

Lëtzebuerger Cycliste sinn dëst Joer net bei der Grande Boucle mat derbäi. De Bob Jungels, deen eigentlech starte sollt, huet seng Participatioun missen ofsoen, well e wéinst Problemer mat der Iliaque-Ven muss operéiert ginn.