Fir d'Presidentin vum nationalen Eethikrot Julie-Suzanne Bausch wier et wichteg eng App ze consideréieren. Momentan géif en analogen Tracking gemaach ginn, mee och dat wier schlussendlech en Traçage. Si versteet, datt d'Leit Angscht hätten, well si net genee géife wëssen, wéi eng Donnéeë gesammelt géife ginn a wat dono mat deenen Donnéeë géif geschéien. A sengem Avis géif den Eethikrot och duerchaus kritesch op esou eng App kucken.
"Wann een den Avis liest, da gesäit een, datt do 1.000 rout Linne ronderëm gezu ginn. Mee mir si wierklech der Meenung, datt mer frou sinn, datt dat consideréiert gëtt, well et einfach een Outil méi ka sinn, wa sech déi Krankheet do nach eng Kéier sollt opbäumen."
Den Eethikrot plädéiert dofir, datt fir d'éischt legiferéiert gëtt, datt "déi rout Linnen am Gesetz verankert ginn". Éier esou eng App agesat gëtt, misst och kloer definéiert sinn, wéi eng Donnéeë wou gespäichert ginn. Et misst och kloer definéiert ginn, wéi laang déi Donnéeën dierfe gehale ginn an den Zougang zu den Donnéeë muss gelogged ginn, dat heescht, et muss een zu all Moment kënnen novollzéien, wien, wéini op d'Daten zougegraff huet. "Do muss d'Gesetz a mengen Aen stoen, éier een et applizéiert", esou d'Presidentin vum nationalen Eethikrot, Julie-Suzanne Bausch.
Den Dënschdeg de Mëtteg steet d'Corona-App dann och um Ordre du Jour vun der Froestonn an der Chamber.