Radioen

On air

Espresso Beats  |  LA Priest - City Warm Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Traditionell Clientèle kënnt net méi an de Mëllerdall"

Hotellerie

"Traditionell Clientèle kënnt net méi an de Mëllerdall"

De Wirtschaftsministère plangt eng nei Hëllef fir d'Hotellen am Mëllerdall. Mat enger Millioun Euro ënnerstëtzt de Staat d'Schafe vun enger neier Online-Plattform fir de Marketing vun den Hotellen ze verbesseren. Bis op Weideres maachen hei aacht Hotelle mat enger 246 Better mat. D'Hotellen hunn an de leschte Jore Verdéngscht agebousst, seet de Generalsekretär vun der Horesca, de François Koepp.

auto_stories

2 min

François Koepp

Déi traditionell Clientèle, déi ëmmer an de Mëllerdall gaangen ass, géing et net méi ginn, seet de François Koepp. "Et war eng kloer Bankeclientèle." Geschat eng honnertdausend Iwwernuechtunge wiere verluer gaangen. "Dat hunn Hotelieren net méi remplacéiert kritt."

Esou wéi et bei der Presentatioun vun dëser neier Online-Plattform duergestallt war, schéint de Problem vun der Hotellerie am Mëllerdall vrun allem ee vun Marketing, Digitaliséierung a Visibilitéit ze sinn. D'Präisser géingen do keng bedeitend Roll spillen, seet de François Koepp. "Et ass e Problem vu professionellem Marketing. De Marketing huet sech an deene leschten zéng Joer esou revolutionéiert, datt kleng Betriber einfach d'Moyen net hunn fir sech do ze positionéieren."

Spezialisten an der Hotellerie

Haut bräicht ee Fachleit, déi probéieren en Hotel op déi beschte Plazen ze placéieren. D'Zil wier dee gréisst méigleche Publikum vu Clienten unzeschwätzen, esou de Generalsekretär vun der Horesca. "Déi eng Spezialiste si fir de Präis zoustänneg, déi aner këmmere sech ëm d'Clienten an erëm anerer si fir d'Distributiounskanäl responsabel." Distributiounskanäl kënnen zum Beispill aus dem Online-Marketing bestoen oder aus direktem Marketing. An deem leschte Fall géing ee geziilt bei d'Firme goen a säin Hotel fir zum Beispill Seminären ubidden. "Do sinn eis Hotelle ganz schwaach gewiescht."

Déi eenzeg Méiglechkeet fir kleng Hoteller, sech aus der Mass erauszehiewe géing dora bestoen, weidert Personal anzestellen oder sech ëmmer um Courant ze halen. Kleng Hoteller hätten awer dacks net d'Moyen fir sech méi intensiv ëm de Client ze këmmeren a sech ze forméieren. "Do hu se natierlech ganz vill Terrain verluer."

"Eise gréisste Sozialproblem ass de Wunnengsbau"

Finanziell ënner Drock wieren d'Hotellen och duerch déi héich Léin an duerch den Index. "D'Horesca an ech selwer si kloer net géint den Index. Mir mussen eis awer bewosst sinn, datt d'Leit mat all Indextranche, déi se kréien, net méi räich, mä méi aarm ginn." Hannendru géingen d'Servicer vill méi deier ginn, datt si net méi géingen nokommen, fir dat Ganzt ze kompenséieren. "Dat ass bei eis ganz staark beim Wunnen z'erkennen. Et ass net fir näischt, wa mir soen, datt ee vun eise gréisste Sozialproblemer zu Lëtzebuerg de Wunnengsbau ass."

D'Terrainen an de Bau wieren ze deier an och d'Virschrëfte vum Staat wieren ze streng. "Haut dierfe mir just nach Triple A Haiser bauen." An Zukunft kéimen och nach vill aner Virschrëften, déi vill Sue géinge kaschten a vun deenen am Endeffekt keen eppes dovunner hätt, esou de François Koepp.