"Trennung Kierch a Staat": Enttäuschung bei de Reliounsenseignanten

Hien huet Verständnis fir d’Enttäuschung vun der Associatioun “fir de Choix” wéinst der Conventioun tëscht Kierchen a Regierung, esou de Schoulreferent vum Bistum Jean-Louis Zeien. Et misst een awer de politesche Realitéiten an d’Aen kucken. D’Kierch an déi aner Glawensgemeinschaften hätten sech bis zum Schluss fir Alternativen zum geplangte gemeinsame Wäerteunterrecht agesat. Och an Zukunft sollen d’Glawensgemeinschafte fir déi inhaltlech Ausriichtung vum Wäerteunterrecht consultéiert ginn. E "Conseil des cultes" soll regelméisseg ëm seng Meenung gefrot ginn. Den Educatiounsminister sot sengersäits, datt an der Programmkommissioun vum neie Cours och aktuell Reliounsenseiganten vertruede sinn. Net gewosst ass, ob et sech bei den zwee Experten an der Kommissioun ëm onofhängeg Wëssenschaftler oder Pedagogen handelt, oder ëm Leit déi Glawensgemeinschaften nostinn.

Den ganzen Interview mam Jean-Louis Zeien um Micro vum Mick Entringer:

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen