Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tropestierm am Atlantik, Pazifik, Indeschen Ozean a Mëttelmier

Reen a Bou

Tropestierm am Atlantik, Pazifik, Indeschen Ozean a Mëttelmier

Nodeems de Philippe Ernzer op dat allgemeng Entstoe vun den tropesche Wirbelstierm gekuckt huet, kuckt hien am zweeten Deel zeréck op e puer markant Beispiller aus de leschte Joren. D'Rekorder kann ee net nëmmen op d'Wandvitesse beschränken, mee och op de Schued, deen ugeriicht gouf, de Loftdrock, Nidderschléi, Gréisst a Mënschen, déi leider net iwwerlieft hunn.

auto_stories

5 min

Mir fänken u mat engem besonnesch tragesche Fall, deen op den 8. November 1970 zeréckgeet. Deen Dag huet sech den Zyklon Bhola iwwer dem Golf vun de Bengale forméiert, also südëstlech vun Indien. En huet sech an nërdlech Richtunge virubeweegt an dobäi weider verstäerkt. Den 9. November 1970 gouf e vum indesche Wiederdéngscht als tropesche Zyklon klassifizéiert, iwwerdeems de Stuerm awer un Zuchvitess verluer huet. Éier e bal ganz op der Plaz stoe bliwwen ass, huet e sech den 10. November 1970 erëm virubeweegt. En huet eng nordnordëstlech Zuchrichtung ageluecht a sech op en Neits intensivéiert.

De Stuerm huet tëschent dem 8. an 11. November 1970 am Gangesdelta zu besonnesch intensive Reefäll geféiert. An der Nuecht vum 12. op den 13. November 1970 huet dee mëttlerweil als schwéieren Zyklon agestuufte Stuerm d'Küst vun Ostpakistan erreecht. D'A vum Stuerm louch an der Géigend vun Noakhali an ass vun do aus weider an d'Land eragewandert fir sech do ofzeschwächen.

Duerch dësen extreme Stuerm sinn tëschent 300.000 a 500.000 Mënschen ëm d'Liewe komm. Ënnersichunge no soll d'Stuermflut eng ganz grouss Roll gespillt hunn, well sech d'Welle bis zu zéng Meter héich opgetiermt haten. Et war net nëmmen deen déidlechste Wirbelstuerm an der Geschicht, mee gläichzäiteg och eng vun den déidlechste Naturkatastrophen iwwerhaapt. De Materialschued huet sech op ëmgerechent deemoleg 86,4 Milliounen USD belaf.

Hurrikan Wilma

Kucke mir eriwwer op den atlanteschen Ozean. De 15. Oktober 2005 huet sech den Hurrikan Wilma südwestlech vu Jamaika forméiert. Et war de 24. tropesche Stuerm, dee sech an der Saison vun 2005 forméiert huet. Den 18. Oktober huet de Wirbelstuerm déi éischt Kategorie op der Saffir Simpson Skala erreecht. An Zäit vun nëmme 24 Stonne konnt sech d'Wilma zu engem Hurrikan vun der fënnefter Kategorie verstäerken. An der Moyenne huet de Stuerm Wandvitesse vun 295 km/h produzéiert.

Den 20. Oktober 2005 war de Stuerm ongeféier esou grouss wéi Däitschland, huet sech awer e Stéckchen ofgeschwächt. Dohier gouf en op déi véiert Kategorie erofgestuuft.

Mat Wandvitesse vun 230 km/h huet d'Wilma den 21. Oktober 2005 d'Stad Cancún, net wäit ewech vu Yucatán, erreecht. En hat eng Zuchvitesse vu nëmme sechs km/h. Dëst war de Grond, firwat d'A vum Stuerm während ganzer zwou Stonnen iwwer der Cozumel-Insel positionéiert war. Et gouf zu deem Zäitpunkt kee Wand a vill Sonn registréiert, iwwerdeems een an enger Distanz vu 25 Kilometer an all Richtung d'Grenz vum A vum Hurrikan gesinn huet.

Vun do ass d'Rees a Richtung Golf vu Mexiko virugaangen. Den 22. Oktober 2005 huet sech de Stuerm do zu engem Hurrikan vun der zweeter Kategorie ofgeschwächt, fir sech de 24. Oktober 2005 un de Florida Keys erëm zu engem Kategorie dräi Hurrikan ze verstäerken. De 25. Oktober 2005 huet sech d'Wilma ofgeschwächt an ass ëmmer méi zu engem außertropeschen Déif ginn, wat eis a Mëtteleuropa Reen a Wand bruecht huet.

Den Hurrikan Wilma huet fir 63 Doudesaffer gesuergt a Schued am Wäert vun 28,9 Milliarden USD ugeriicht. De Stuerm hält bis haut mat nëmmen 882 hPa de Rekord vum niddregste Loftdrock vun engem Hurrikan am Atlantik.

Den Tropestuerm TIP

De Loftdrock kann awer nach méi wäit falen. Den 9. Oktober 1979 gouf den Tropestuerm TIP zu engem Taifun an huet sech an Zäit vun zwee weideren Deeg iwwer waarmem Mierwaasser zu engem Supertaifun weiderentwéckelt. Dës Intensitéit ass gläichzesetzen mat engem Hurrikan vun der fënnefter Kategorie. Den 12. Oktober 1979 huet den TIP gemëttelt Wandvitesse vun 305 km/h produzéiert, de Loftdrock ass op 870 hPa gefall. Dat ass deen niddregste Loftdrock, dee jeemools op der Äerd an engem Stuerm gemooss gouf. De Supertaifun huet zum Zäitpunkt vu senger héchster Intensitéit eng Gréisst vun 2.200 km am Duerchmiesser ugeholl. Fir eng besser Virstellung dovunner ze kréien: Wann een d'Mëtt vun Däitschland als Ausgangspunkt hëlt, an dann e Radius vun 1.100 km anzeechent, da gëtt däitlech, wéi riseg dëse Stuerm war. De Groussdeel vu Mëtteleuropa wier matten dra gewiescht, dozou gehéiert souguer nach England, de Süde vu Schweden, den Norde vun Italien, de Weste vu Rumänien a souguer den äusserste Weste vu Russland. Et war dee gréissten Taifun, deen et op der Äerd bis ewell gouf.

Tropesch Wirbelstierm bréngen net ëmmer dee stäerkste Wand mat sech, mee heiansdo och enorm Reequantitéiten. De 15. Januar 1980 huet sech nordëstlech vu Mauritius eng tropesch Stéierung forméiert, déi sech den 18. Januar 1980 zu engem Tropestuerm weiderentwéckelt an den Numm Hyacinthe krut. De Stuerm huet gemëttelt Wandvitesse vun ëm 130 km/h erreecht, war also vum Wand hier net all ze staark. En hat keng fix Zuchrichtung, mee huet ëstlech vu Madagaskar e puer Ronne gedréit. Dëst hat d'Konsequenz, datt virun allem iwwer der klenger Insel Réunion vum 14. Januar bis den 28. Januar 1980 6.083 l/m² erofkoumen. Fir ze vergläichen: Zu Lëtzebuerg reent et an der Moyenne 863 l/m² am Joer. An Zäit vun nëmme 14 Deeg ass op der Réunion also méi wéi dat siwefacht erofkomm. 25 Mënschen sinn un den direkten Auswierkunge vum Stuerm gestuerwen. De Schued huet sech op 167 Milliounen USD belaf.

Hurrikan Katrina

Fir den deierste Stuerm op der Welt ze fannen, musse mir zeréck an Nordamerika. Den 23. August 2005 huet sech d'Depressioun vum zukünftegen Hurrikan Katrina bei de südëstleche Bahamainsele forméiert, den 28. August 2005 gouf de Stuerm op déi fënneft Kategorie vun der Saffir Simpson Skala eropgestuuft. Zu dëser Zäit goufe gemëttelt Wandvitesse vun 280 km/h a Wandstéiss vu bis zu 344 km/h registréiert, de Loftdrock ass op 902 hPa gefall. An de fréie Moiesstonne vum 29. August 2005 gouf d'Katrina op déi véiert Kategorie erofgesat an ass bei Buras-Triumph zu Louisiana u Land gaangen. Doropshin huet de System séier u Wandvitesse verluer, sou datt de Reen no a no an de Fokus geroden ass. 1.836 Mënschen hunn de Stuerm net iwwerlieft an et gouf Materialschued am Wäert vun 125 Milliarden USD ugeriicht.

Et war deen eenzegen tropesche Wirbelstuerm, dee souvill Schued ugeriicht huet - bis den 2. September 2017, wou den Hurrikan Harvey fir ähnleche Schued gesuergt huet.

Den Zyklon Olivia

A wéi engem Wirbelstuerm ass dann dee stäerkste Wand opgetrueden? - Tornadoen ausgeschloss. Bis den 10. Abrëll 1996 gouf déi héchst offiziell gemoosse Wandvitess um Mount Washington am US-Bundesstaat New Hampshire mat 372 km/h registréiert. De Rekord gouf awer du vum Zyklon Olivia, knapp nordwestlech vun Australien, gebrach. An der Moyenne huet e mat 230 km/h geblosen, an de Spëtzte konnten awer bis zu 410 km/h festgestallt ginn. Et ass domat dee stäerksten net-tornadesche Wandstouss, dee bis ewell op der Äerd gemooss gouf.

Dës Naturgewalte gehéieren definitiv zu de schlëmmsten an zur selwechter Zäit och zu de beandrockendsten op eisem Planéit.