Bis Mäerz kéint ee keng sou eng Mutuelle opbauen an et géif fir sou eng Mutuelle och iwwerhaapt keng Rechtsgrondlag ginn.
"Gott sei Dank si mer awer net just mat him am Gaangen ze diskutéieren, mee mir sinn als Verbänn - Fédération des Artisans, Horesca, an clc - mam Lex Delles... Fir am Detail ze kucken, datt an den Entreprisen d'Hëllefen do ukommen, wou se gebraucht ginn."
De Mëttelstandsminister Lex Delles presentéiert de Méindeg um 14 Auer déi finanziell Hëllefe fir d'Entreprisen. Den UEL-President seet dës nei Hëllefe géifen "an déi richteg Richtung goen", an dat géif och "vill Drock" aus der Diskussioun ronderëm en Ersatzgehalt fir Independanten eraus huelen.
De Michel Reckinger begréisst d'Approche vum Lex Delles. De Mëttelstandsminister géif probéiere fir Ouverturen ze maachen, souwäit dat europäescht Recht et géif erlaben. "Hien huet elo vun der europäescher Kommissioun vu Bréissel aus nei Ouverture kritt. An en huet déi elo ëmgebootscht an nei Hëllefen, déi en haut wäert annoncéieren, an déi gi ganz sécher an déi richteg Richtung."