Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Lucy Rose - Over When It's Over

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trotz Veruerteelung: Tierkei bleift "Schlësselpartner"

TIERKESCH OFFENSIV AN NORDSYRIEN

Trotz Veruerteelung: Tierkei bleift "Schlësselpartner"

D'EU condamnéiert d'Offensiv vun der Tierkei am Norde vu Syrien. Iwwer en europäesche Waffenembargo si sech d'EU-Ausseministeren net eens ginn. Waffenexporter sollen awer um nationalen Niveau ageschränkt ginn. Et gouf och betount, datt d'Tierkei ee wichtege Partner vun der EU bleift.

auto_stories

3 min

De Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn war net onzefridden no der Reunioun vun den EU-Ausseministeren. Ëmmerhi condamnéiert d'EU déi tierkesch Offensiv.

"Dir wësst, dat Wuert condamnéieren an enger Conclusioun ass net evident. Mee no villem Hin an Hier si mir dozou komm. An dat ass ee wichtege Punkt, well ouni ze condamnéiere bräichte mir hei net zesummenzekommen, fir doriwwer ze schwätzen."

Kloer Veruerteelung vun der Offensiv

Et hätt een och, sou de Jean Asselborn, ee gemeinsame Waffenembargo politesch op de Wee bruecht. Formell decidéiert gouf deen Embargo allerdéngs net. An hirer Conclusioun halen d'Ministere just fest, datt all EU-Land eng staark Positioun misst dozou huelen.

Dat huet, sou d'Explikatioun vun der EU-Chefdiplomatin Federica Mogherini eppes domat ze dinn, datt een esou eng gemeinsam Decisioun net huele kann, well verschidden EU-Memberlänner och an der NATO sinn.

"An dësem Fall hu mir mat enger klorer gemeinsamer Stëmm geschwat", stellt d'Federica Mogherini fest. An: "Dëst si schwéier Conclusiounen, an ech denken, si wäerten och beuecht ginn."

Migratiounsaccord net a Fro gestallt

De Punkt 3 vun deene Conclusioune seet och, datt d'Tierkei ee Schlësselpartner vun der Europäescher Unioun bleift. Et ass schwéier heira keng Kontradiktioun ze gesinn. Si läit, dat gëtt de Jean Asselborn zou, och an der EU selwer.

D'Tierkei hat domat gedreet, syresch Flüchtlingen an d'EU reesen ze loossen. Engersäits wier dat an der Diskussioun ënner den EU-Ministere staark kritiséiert ginn.

"Dir kënnt dach net soen, mir hunn elo 3,6 Millioune Flüchtlingen opgeholl, a wann Dir Iech elo net schéckt, an Dir kritiséiert eis, da schécke mir Iech déi eriwwer", reegt sech de Jean Asselborn op. Anerersäits hätt d'EU selwer awer bis elo keng Léisung fir d'Migratiounspolitik fonnt. Déi Flüchtlingsfroe ginn ewechgedréckt, sou de Lëtzebuerger Ausseminister.

D'Federica Mogherini beschreift d'Relatioun mat der Tierkei esou: "Dat ass keng schwaarz-wäiss Relatioun, mee eng Partnerschaft, déi komplex a villschichteg ass. Ech sinn iwwerzeegt dovun, datt wann d'EU an d'Tierkei et fäerdeg bréngen, extrem kloer ze sinn an deem, wou ee sech eens ass a wou net - datt dat eis hëlleft, aner Sujete méi kloer an direkt unzeschwätzen."

EU kann net agräifen

Et misst een de Leit an Europa kloer soen, datt d'EU net déi militäresch Moyenen huet, fir déi Offensiv ze stoppen. Och dorop hat den Jean Asselborn opmierksam gemaach. D'Memberlänner hunn Arméien, mee si hunn decidéiert, déi net an der Regioun anzesetzen, seet dozou d'Federica Mogherini.

"Dat ass esou, well d'EU ëmmer betount huet, datt d'Léisung net dora besteet, op der Plaz ze kämpfen. Si muss vill méi an der Ënnerstëtzung vum Mediatiounsprozess vun de Vereenten Natiounen an um diplomatesche Wee gesicht ginn."

Fazit: d'EU seet, d'Tierkei ass weider ee Partner, an d'EU seet och, datt dee Partner hei falsch handelt. Geet dat duer, fir d'Offensiv ze stoppen? D'Federica Mogherini schéngt net ganz iwwerzeegt: "Dat musse mir gesinn, mee déi tierkesch Autoritéite musse gesinn, datt all hir Alliéiert si froen, d'Offensiv ze stoppen."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.