Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ TTIP: Gefor oder Chance?

Wirtschaft

TTIP: Gefor oder Chance?

De Fräihandelsaccord TTIP soll festleeën, no wéi enge Regelen den Handel tëscht der Europäescher Unioun an den USA soll funktionéieren. Ass dee Vertrag eng Gefor fir eis Demokratie? Oder bidd den TTIP och d’Chance fir international unerkannten Normen festzeleeën, déi d’Wirtschaft respektéiere muss? Dat war d’Thema an eiser Emissioun Riicht Eraus.

auto_stories

7 min

Marc Hübsch, Jean Lamesch, Martina Holbach a Vivianne Loschetter

Fir d’Martina Holbach vun der Ëmwelt-ONG Greenpeace missten d’Verhandlungen iwwert den TTIP (Transatlantic Trade and Investment Partnership) direkt gestoppt ginn. Et wier “wierklech schro”, wa wichteg gesellschaftlech Froen op eng ondemokratesch Aart a Weis decidéiert géife ginn: “Fir eis ass et ganz kloer, datt kruzial Beräicher wéi Ëmwelt-, Gesondheet- a Verbraucher-Schutz aus Handelsaccorde mussen ausgeschloss ginn. Déi hunn do einfach näischt verluer.”

Déi Gréng hunn als Regierungspartei eng méi nuancéiert Positioun: “Selbstverständlech muss weider verhandelt ginn, soss kann ee just meckeren an näischt maachen,” esou d’Fraktiounschefin Viviane Loschetter. Allerdéngs misst d’Aart a Weis, wéi um TTIP geschafft gëtt, geännert ginn: “Et gi mat Sécherheet Tëschenetappen an de Verhandlungen, an déi misste public gemaach ginn.”

D’Partei-Basis géif d’Verhandlungen iwwert de Fräihandelsaccord “kritesch” gesinn, sot d’Viviane Loschetter. Mee um Enn géifen d’Regierung an d’Parlament am Numm vum Vollek decidéieren. Déi Gréng wéilten dat respektéieren.

"Geet net drëms, all d'Normen unzepassen"

Fir de Marc Hübschdee sech am Ausseministère ëm den TTIP bekëmmert, géif et net drëms goen, an der EU an an den USA genee déi selwecht Regulatioun anzeféieren. “Dat ass guer net den Usproch vun dëse Verhandlungen,” esou de Beamten. Et sollt maximal ee Véierel vun den Normen openeen ofgestëmmt ginn.

Ee Beispill wieren d’Sécherheetstester fir Kannerpyjamaen: De Moment géif op béide Säite vum Atlantik separat getest ginn, wéi séier esou Pyjamaen ufänke mat brennen. “Mee dës duebel Prozedure kënnen evitéiert gi wa mer eis eens sinn, datt Pyjamaen net däerfe brennen, an datt déi zwou Methode fir ze testen d'selwecht gutt sinn,” esou de Marc Hübsch.

"Katastrophal Ënnerscheeder tëscht europäesche Geriichter"

Fir ze garantéieren, datt d’Länner sech un d’Richtlinnen aus de Fräihandelsaccorden halen, solle speziell Geriichter fir Investisseuren agefouert ginn. D’Martina Holbach an d’Viviane Loschetter si géint esou Spezialgeriichter: Hei géif eng Aart „Paralleljustiz“ agefouert ginn. De Jean Lamesch vum Nohaltegkeetsrot seet dogéint, hie géif verstoe firwat d’Investisseure verschiddene nationale Geriichter net trauen.

Och an Europa giéif et “katastrophal Ënnerscheeder” tëscht den eenzelne Länner ginn. “Als Investisseur géif ech dofir léiwer an Däitschland, oder an nërdlech Länner goen, wéi an Osteuropa”, esou de fréiere Mataarbechter vun ArcelorMittal. Et wier dofir wichteg, e Geriicht fir Investisseuren ze schafen dat international unerkannt wier.

D’Handwierkerfederatioun seet sech “gesond skeptesch”

Vill Kritiker sinn der Meenung, virun allem grouss Konzerner géife vum TTIP profitéieren. De Marc Hübsch ass do anerer Meenung: “Grouss multinational Betriber brauche kee Fräihandelsaccord,” esou de Beamten. Grouss Entreprisen hätte genuch finanziell Moyene fir mat ënnerschiddleche Regulatiounen eens ze ginn. Kleng a mëttel Entreprise géifen deemno am meeschte vum TTIP profitéieren.

D’Lëtzebuerger Handwierker-Federatioun seet sech skeptesch géigeniwwer dem TTIP. Dem Generalsekretär Romain Schmit no géifen de Moment déi néideg Informatioune feele fir sech e kloert Bild iwwer d’Auswierkunge vum Accord ze maachen. An Däitschland géife sech vill kleng a mëttel Betriber géint den TTIP asetzen, esou de Romain Schmit. Dat géif hien net onbeandrockt loossen: “Ech kann elo net einfach soen, ech sinn dofir, just well vill aner Leit dofir sinn.”