Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Uber à la luxembourgeoise?

Taxiswiesen

Uber à la luxembourgeoise?

Uber ass sech net mam Lëtzebuerger Staat iwwer d'Aarbechtskonditioune vun hire Chaufferen eens ginn. De François Bausch wëll lo eng eegen, staatlech Alternativ lancéieren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Einfach den nächst beschten Taxi per App bestellen an direkt bezuelen: Wat a villen europäesche Groussstied scho laang méiglech ass, kléngt zu Lëtzebuerg nach no Zukunftsmusek. Allerdéngs net méi laang, wann et nom Transportminister François Bausch geet. Wéi RTL gemellt hat, wëll de Politiker eng eegen, staatlech Alternativ lancéieren. D'Plattform vun Uber wier extrem performant an do géif et kee Patent drop ginn, esou datt ee sou eng App och selwer kéint maachen

De Minister huet eng Etüd an Optrag ginn a wëll och déi aktuell Virlag vum neien Taxisgesetz un dee Plang upassen.

OGBL schwäetzt vu Sozialdumping

Geréiert soll déi App awer net vum Staat ginn, mee et soll eng Ausschreiwung stattfannen. Zil wier et awer, käschtendeckend ze schaffen, mee gläichzäiteg dem Cahier des Charges vum Staat Rechnung ze droen. Déi Konditioune sinn et, déi den OGBL op de Plang geruff hunn - si hu sech an engem Communiqué géint eng Uberiséierung vum Taxiswiesen zu Lëtzebuerg ausgeschwat a fäerte Schäiselbststännegkeet a Sozialdumping bei den Taxischaufferen.

Genau déi Scheinselbsstännegkeet an de Sozialdumping wëll de François Bausch senger Ausso no bekämpfen a weist sech iwwerrascht iwwer de Virstouss vun der Gewerkschaft.