Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UCPM-Hëllefsmechanismus vun der EU: Och Lëtzebuerg schéckt Hëllef an d'Ukrain

Krich

UCPM-Hëllefsmechanismus vun der EU: Och Lëtzebuerg schéckt Hëllef an d'Ukrain

D'Ukrain huet iwwert en europäesche Protection-civils-Mechanismus Hëllef ugefrot. De sougenannten UCPM gouf 2001 vun der Kommissioun geschaf fir d'Preventioun, d'Preparatioun an d'Reaktioun am Fall vun enger Katastroph ze verbesseren. Och Lëtzebuerg ass um dësem EU-Mechanismus bedeelegt a stellt elo an deem Kader der Ukrain Hëllefsmaterial zur Verfügung.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Wann esou eng Demande fir Hëllef beim europäeschen "Centre de coordination de la réaction d'urgence" vun der Kommissioun erakënnt, ginn direkt déi um Mechanismus bedeelegt Länner kontaktéiert. Zu Lëtzebuerg ass d'Ulafstell heifir de CGDIS.

D'Demandeur-Land leet dann eng Lëscht vir, vun all deem wat gebraucht gëtt. De Responsabele fir d'Asazmaterial an d'Logistik beim CGDIS Christian Schmitz, datt de Méindeg an deem Sënn e Recensement gemaach gi wier an et géif een an den nächste Stonnen den Transport organiséieren. Et géif een zesumme mat der EU kucken, wou ee soll a kann hifueren.

Eng organiséiert EU-Äntwert huet Virdeeler

Nieft Pompjeesmaterial, ewéi Schläich, Lanzen a Pompelen, déi de CGDIS bereetstellt, schéckt Lëtzebuerg och Medikamenter a medezinescht Material an d'Ukrain. Dës gi vum Gesondheetsministère bäigesteiert.

Fir de Pol Henrotte vun der Direction de la sécurité civile am Inneministère huet den europäesche Mechanismus kloer Virdeeler. Fir deen deen hëllefe wëllt an och deen, deen d'Hëllef brauch.

"Amplaz datt d'Länner alles eenzel organiséiere kënne mir hei eigentlech koordinéiert zesummeschaffen. Fir d'Land ass et méi einfach, dat heescht hei d'Ukrain huet eng Hëllefsufro un d'EU gestallt an d'EU koordinéiert dann hannendrun mat alleguer den EU-Memberstaaten an de Partnerlänner. Et ass eng Plaz, eng Ulafstell wou ee ka fir Hëllef froen."

Den UCPM gëtt ëmmer méi wichteg

Am Fall vun der Ukrain wier esou eng "europäesch" Äntwert ëmsou méi wichteg, well et en Ausdrock vun europäescher Solidaritéit géigeniwwer der Ukrain wier.

Nieft de EU-Memberstaaten, sinn nach Island, Norwegen, Serbien, d'Republik Nordmazedonien, de Montenegro an d'Tierkei um UCPM bedeelegt. Hëllef ufuerdere kann all Land weltwäit.

Zanter en 2001 vun der Europäescher Kommissioun an d'Liewe geruff gouf, ass den UCPM 540 Mol aktivéiert ginn; eleng 114 Mol am leschte Joer.