Radioen

On air

De Weekend  |  Luk. - Crack Feat. Jast & Skuto

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UEL: CovidCheck an der Aarbechtswelt e Schrëtt zeréck an d'Normalitéit

Patronat a Gewerkschaften

UEL: CovidCheck an der Aarbechtswelt e Schrëtt zeréck an d'Normalitéit

D'Patronat begréisst d'Méiglechkeet, déi elo an d'Gesetz soll stoe kommen, als e Schrëtt zréck an d'Normalitéit, dee juristesch ofgeséchert ass. Och den OGBL deet sech ganz schwéier mat der Méiglechkeet fir de CovidCheck-Regime an de Betriber kënnen anzeféieren: dat géif d'Gesellschaft ëmmer méi splécken, sot seng Presidentin Nora Back.

auto_stories

2 min

headphones

19 min

play_arrow
D'Nora Back (OGBL) an de Jean-Paul Olinger (UEL).

Datt den net-geimpfte Salarié dann obligatoreschen Test selwer muss bezuelen, ass fir den onofhängege Gewerkschaftsbond inacceptabel. An nach vill méi schlëmm wieren d'Konsequenzen, déi dee Salarié misst fäerte wann en den Test refuséiert:

"Et gëtt elo gesot bis zu Menacë vun Aarbechtsplaz-Verloscht. Wéi dramatesch ass dat? Alles dat fir ze incitéieren, datt d'Leit sech sollen impfe loossen. Ech widderhuelen, datt och fir den OGBL d'Impfung d'Léisung ass. A mir wëllen och den Taux de vaccination eropsetzen. Awer an eisen Aen ass et genee de falsche Wee."

Den OGBL wiert sech och géint d'Ënnerstellung vum Aarbechtsminister, déi Opreegung wier just gespillt. An der Emissioun Riicht eraus hat den Dan Kersch de leschte Samschdeg gesot: "D'Gewerkschaften hunn natierlech ee Problem, datt eenzel Leit hir Kaart ofginn, wa si hei géifen an d'Hänn klappen."

"Dat hei ass eng Clarificatioun"

Fir de Jean-Paul Olinger, Direkter vum Patronatsverband UEL ass de Covid-Check an der Aarbechtswelt dogéint e wichtege Schrëtt um Wee zeréck an d'Normalitéit.

"Mir sinn der Meenung, datt d'Gesetz et virdru schonn erlaabt hätt iwwer d'sécurité-santé au travail dat ze maachen. Dat hei ass eng Clarificatioun. Dräi Ministeren hu gesot, datt fir de Recht den droit commun spillt am Kader vun der sécurité-santé au travail: do gëtt et joerzéngtelaang Jurisprudenz."

De Jean-Paul Olinger appelléiert och fir eng gemeinsam Sensibiliséierung fir ze probéieren "déi Leit ze iwwerzeegen, déi am Fong iwwerzeegt sinn, sech just aus Bequeemlechkeet nach net impfe gelooss hunn".