Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Congé wéinst Menstruatiounspéng: UEL a Ministerin net begeeschtert

Petitioun

Congé wéinst Menstruatiounspéng: UEL a Ministerin net begeeschtert

Eng ëffentlech Petitioun fuerdert, datt Fraen op d'mannst zwee Deeg pro Mount Aarbechtsdispenz solle kréien, wa si Péng wéinst hirer Menstruatioun hunn. Dës Petitioun huet scho bal 4.500 Ënnerschrëfte kritt, esou datt et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber dierft kommen.

auto_stories

2 min

De Bäitrag vum Serge Kesseler lauschterenplay_arrow


Wa si Péng wéinst hirer Menstruatioun hunn, da solle Fraen op d'mannst zwee Deeg pro Mount Aarbechtsdispenz kréien. Dat fuerdert de Moment eng ëffentlech Petitioun. Et géif dorëm goen, de Fraen ze erlaben doheem kënnen ze bleiwe fir sech net mussen ze forcéieren mat Péng schaffen ze goen, esou d'Petitionärin Ornella Romito. Dës Petitioun huet schonn iwwer 4.350 Ënnerschrëfte kritt. Wann d'Zuel an den nächsten Deeg op iwwer 4.500 klëmmt, da kënnt et zu engem ëffentlechen Debat zum Thema an der Chamber.

Den Direkter vun der Unioun vun den Entreprisë weist sech an enger éischter Reaktioun iwwerrascht vun der Fuerderung aus der Petitioun. Schonn haut géif et d'Recht ginn, datt all Persoun déi leit, sech kéint krank mellen, erkläert de Jean-Paul Olinger.

"An eisen Aen wär et deementspriechend dann och reaktionär wann den Employeur d'Salariée géif froe wat d'Origine vun hirem Malaise wier. Beim Krankeschäin brauch een nämlech keng Ursaach unzeginn. An et gëtt zu Lëtzebuerg keng Karenzdeeg-Reegelung, wéi dat villäicht an anere Länner de Fall ass, bei där e villäicht déi éischt puer Deeg e Lounausfall ze bekloen hätt."

Minsterin Taina Bofferding: E falscht Zeechen

Der Ministerin Taina Bofferding no wier et virun allem wichteg, datt Frae mat ganz schlëmme kierperlechen Effekter wéinst hirer Menstruatioun, gehollef kréichen. Ob dat iwwer de Wee vun zwee Deeg Zousaz-Congé all Mount misst geschéie wier "ganz fragwürdeg".

"An dann ass natierlech och d'Fro herno, wat ass wa Frae sech - wann et esouwäit géif ebe kommen, datt een déi zwee Deeg do aféiert - wat ass da wa Frae sech fir ee Job virstelle ginn? Do ass et da villäicht e bëssen kriddlech, respektiv besteet herno de Risiko, datt dann éischter de Mann agestallt gëtt, wéi d'Fra."

Domat e "puer Schrëtt" no hannen ze goen, dat wier der Ministerin no dat falscht Zeechen an der Gläichstellung vun de Geschlechter.