Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ufank vum Enn vun der Eurovignette zu Lëtzebuerg?

Transport

Ufank vum Enn vun der Eurovignette zu Lëtzebuerg?

Lëtzebuerg denkt driwwer no, fir aus dem Eurovignettë-System fir Camionen erauszeklammen. Beim Groupement transports, deen dës Ofschafung fuerdert, kéint ee sech ee Peage als Ersatz virstellen.

auto_stories

3 min

Foto: Bigstock/frank11

Beim Groupement transports geet een dovun aus, datt bis September Kloerheet wäert geschaaft ginn, doriwwer op Lëtzebuerg am System vun den Eurovignetten bleift oder net. Confirméiert ass, datt Lëtzebuerg doriwwer nodenkt aus dem System erauszeklammen. De Groupement transports, dee bei der Handelskonfederatioun affiliéiert ass, gehéiert zu deenen, déi en Ofschafe vun der Eurovignette fuerderen.

"Dat géif erëm een Equiliber op d'Strooss bréngen, tëscht nationalen an internationalen Transportfirmaen", sou de Serge Moulin vum Groupement transports. De Moment géife Lëtzebuerger Firmen, zum Beispill um Wee fir op Antwerpen, duebel bezuelen: eng Kéier de belsche Peage, an eng Kéier d'Eurovignette, déi se musse bezuele fir zu Lëtzebuerg ze fueren.

E Peage oder eng Maut als Ersatz?

De Moment muss all Camion iwwer zwielef Tonnen, dee gewëss Stroossen zu Lëtzebuerg benotzt, dës Taxe bezuelen. D'Eurovignette kascht fir een dräiachsege Camion ronn 1.000 Euro d'Joer. Eng 1.500 Euro sinn et fir ee Véierachser. Dës Zomme ginn hei zu Lëtzebuerg vun der Douane erhuewen. Eemol bezuelt, gëllt d'Eurovignette dann an all Land wat Member ass - also och an Holland, Dänemark a Schweden.

De Serge Moulin ass sech bewosst, datt muss een Ersatz geschaaft ginn, fir d'Recettë vun der Eurovignette am Fall vun engem Austrëtt, ze kompenséieren. "Mir kéinten eis un der Belsch (Peage) oder Däitschland (Maut) orientéieren oder eisen eegene System opsetzen. Et ass schwéier ze soen, wéi een dat kéint ersetzen". D'Regierung huet eng Etude an Optrag gi fir erauszefannen, wéi ee System dee beschte wier, fir d'Eurovignette ze ersetzen.

10 Milliounen Euro Recetten

De Serge Moulin hofft, datt deen neie System dozou féiert, datt déi auslännesch Firme "méi wäerte participéieren" fir ee Lach am Staatsbudget z'evitéieren. "Den nationalen Transport dierf net nach méi penaliséiert ginn", sou de Serge Moulin. Fir 2016 sinn am Staatsbudget op deem Posten 10 Milliounen Euro Recettë virgesinn.

Den Transportministère seet op Nofro hinn, datt een den Transportfirmaen am September d'Resultater vun der Etude iwwer méiglech Zeenarien wëll virstellen. An enger parlamentarescher Fro vum Mäerz dëst Joer war déi Etude nach fir Mee ugekënnegt ginn.

Interview Serge Moulinplay_arrow