Radioen

On air

Tockcity  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kampf géint Korruptioun muss virugoen

EU-Ukraine

Kampf géint Korruptioun muss virugoen

D'Ukrain muss weider Efforte maachen, fir d'Korruptioun am Land an de Grëff ze kréien. De Reformprozess mécht awer am Groussen a Ganze Fortschrëtter. Zu deem Schluss komme gëschter d'EU an d'Ukrain no hirem Sommet zu Bréissel. Iwwerdeems profitéieren d'Ukrainer dovunner, datt si zanter engem Joer ouni Visa an d'EU reese kënne. Dat hätt bis elo kengem een Nodeel bruecht, huet gëschter den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker festgestallt.

auto_stories

4 min

Et war deen 20. Sommet tëscht der EU an der Ukrain, déi no engem komplizéierte Start zanter zejoert een Associatiouns-Ofkommes verbënnt.

D'Hollänner hate Bedenken ze ratifizéieren - hunn déi awer 2017 trotz engem negative Referendum aus dem Wee geraumt, domat konnt den Accord offiziell a Kraaft trieden.

500.000 Ukrainer hu vu Visafräiheet profitéiert

Dee gesäit op laang Siicht ee Fräihandelsaccord vir. Déi éischt Schrëtt sinn hei gemaach an zanter zejoert huet den Handel tëscht der EU an der Ukrain schonn ëm ee Véierel zougeholl. Dat huet gëschter den EU-Kommissiounspresident zefridde constatéiert.

Eng Hallef Millioun Ukrainer hu bannen engem Joer dovu profitéiert, ouni Visa an d'EU anzereesen. Och dee Chiffer hat de Jean-Claude Juncker mat bruecht. "Dee Regimm funktionéiert ouni Problemer. Déi, déi an d'EU reesen, reese bannen dem Delai och nees zeréck. Mir hunn also keng negativ Niewewierkungen, an dat weist, datt d'Ukrainer Leit sinn, deenen een traue kann."

Reformen ënner schwierege Konditiounen

Ganz wichteg am Reformprozess bleift de Kampf géint d'Korruptioun, dat betount d'Kommissioun. Si begréisst, datt elo ee Geriicht, dat sech op de Kampf géint Korruptioun spezialiséiert, op d'Been gesat gouf.

Jee méi d'Ukrain Reformen duerchféiert, desto méi géif d'EU d'Land ënnerstëtzen, sou de Jean-Claude Juncker.

Als Duerchbroch bezeechent d'Europadeputéiert Rebecca Harms dat neit Geriicht. Déi gréng Politikerin reest regelméisseg an d'Ukrain, fir si ass a Saache Reformen an de leschte Jore vill geschitt. Et sollt een d'Reforme fair analyséieren. D'Ukrain géif hir Reformen a vill méi schwierege Konditioune maachen, wéi fréier déi osteuropäesch Länner, déi haut Member an der EU sinn.

Et wäert iwwerdeems nach laang daueren, éier d'Ukrain prett ass, fir Member an der EU ze ginn, do ass ee sech eens.

Appell u Russland

E Méindeg gouf et eng gemeinsam Schlussdeklaratioun, déi nieft dem Jean-Claude Juncker an dem Rotspresident Donald Tusk och den ukrainesche President Poroshenko mat ënnerschriwwen huet.

Dat war déi zwee lescht Joren net de Fall, well ee sech net iwwer déi genee Formuléierungen eens gi war.

An där Deklaratioun steet och dran, datt Russland seng Responsabilitéiten am Konflikt mat der Ukrain misst iwwerhuelen. International Organisatioune missten Zougang zu de Regioune kréien, déi ënner russescher Kontroll sinn, inklusiv der Krim. Ukrainer, wéi den Oleg Sentsov an aner politesch Prisonéier misste fräigelooss ginn.

Russland hätt d'Chance ze weisen, datt ee Changement gewollt ass, sou den ukrainesche President Petro Poroshenko. "Loosst all déi Ukrainer fräi, déi illegal op der Krim an a Russland am Prisong setzen. Mir hunn hir Nimm an eiser Deklaratioun festgehalen."

De Krich, dee vergiess ass

An der Ukrain geet de Krich iwwerdeems weider. Iwwer 10.000 Mënsche koume bis elo ëm d'Liewen, all Dag kommen nei Affer derbäi. Observateure schwätze vum Krich, dee vergiess ass, well net méi vill iwwer dës Ausenanersetzung geschwat gëtt.

D'EU misst der Ukrain méi bäistoen, wann et ëm d'Anhale vum Waffestëllstand geet, seet d'Rebecca Harms.

D'EU wëllt ee strategescht Partenariat an der Energiepolitik mat der Ukrain opbauen. De grousse Projet vun der Gaspipeline Nord Stream II tëscht Däitschland a Russland steet do e bëssen am Wee.

Nord Stream II géint europäesch Interêten

"Dëst ass keen ekonomeschen, kee profitabele Projet, et ass definitiv ee geopolitesche Projet, deen et drop ofgesinn huet d'Ukrain méi schwaach ze maachen", seet de Petro Pososhenko

Däitschland huet awer wëlles um Projet festzehalen, de Rotspresident Tusk huet dat indirekt bedauert. Dee Projet wier géint gesamt-europäesch Interêten.

Déi nächst Jore si Wahlen an der Ukrain. Et ass nach onkloer, wat dat fir déi geplangte Reforme bedeit. Déi Pläng goufe gëschter um Sommet bekräftegt. D'EU huet sech engagéiert eng Milliard Euro ze investéieren, fir d'Land wirtschaftlech ze stabiliséieren.