Radioen

On air

Tockcity  |  Contrahouse - Streetcorn

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ukrainkris: Problemer fir Suen ze wiesselen

Léisung gesicht

Ukrainkris: Problemer fir Suen ze wiesselen

Den Ament ass et fir Ukrainer hei zu Lëtzebuerg net méiglech, Suen opzehiewen oder och nëmme mat Kaart ze bezuelen. D'Banken huelen nämlech hir Wärung, déi ukrainesch Hrywnja, net méi un, zënter d'Zentralbank zu Kyjiw den Wiesselcours agefruer huet.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

D'ukrainesch Zentralbank huet de 24. Februar, den Dag vun der russescher Invasioun, den Devisenhandel mam Ausland agefruer. Zënter dem éischte Mäerz dierf d'Hrywnja vun ukrainescher Säit nees gehandelt ginn - allerdéngs zu engem vun hinne festgeluechte Wiesselcours zum Dollar. Doduerch ass d'Wärung massiv iwwerbewäert - an en net kalkuléierbare Risiko fir d'Banken.

"De Problem ass effektiv deen, datt d'Banken dann am Prinzip mat Cash do sëtzen, mat enger ukrainescher Wärung, mat där se dann awer näischt kënnen ufänken."

Wa Banken ukrainesch Sue géifen unhuelen, géife se de Risiko lafen, dono op Pabeier ze sëtzen, vun deem een net ka wëssen, ob en an Zukunft nach eppes kënne wäert ass, sou den Yves Maas vun der ABBL. Doduerch sinn och räich Ukrainer am Moment an der Bredouille. Hir Sue si reell näischt méi wäert.

D'ABBL schafft zwar un enger Léisung, verweist awer op d'Dimensioun vum Problem. All europäescht Land hätt am Moment dee selwechte Probleem mat ukrainesche Suen, dofir wier eng concertéiert europäesch Äntwert fir den Yves Maas déi eenzeg méiglech Léisung.

D'EZB kéint déi néideg Garantië ginn

Tatsächlech melle sech aus verschiddenen europäesche Länner déi jeeweileg Bankenassociatioune mat dem Problem zu Wuert, virun allem a Polen, wou ëmmerhin de Gros vun den ukrainesche Flüchtlingen ukomm ass. De Ball läit lo bei der europäescher Zentralbank, déi eng praktesch Léisung fir de ganzen Euroraum muss fannen. Wéi kéint déi ausgesinn?

"Ech mengen, eng Léisung wier et, iwwert d'Zentralbanken de Regierungen d'Méiglechkeet ze ginn, fir gewësse Garantien ze ginn. Fir gewësse Montanten natierlech, net wann ee mat engem Koffer voll Sue kënnt, mee et geet jo drëm, deene Refugiéen an enger éischter Phas ze hëllefen."

Eng aner Méiglechkeet wier een vun EZB festgeluechte Wiesselcours mat enger Garantie fir d'Banke. Fir d'Leit aus der Ukraine gëllt am Moment, hir Hrywnja net ewech ze geheien an se och net um Schwaarzmaart zu schlechte Konditiounen ze tauschen. Un enger Léisung gëtt geschafft.