Radioen

On air

De Moien  |  Loving - No Mast

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ULC fuerdert Iwwerpréiwung vun Taxi-Tariffer

Taxi-Tariffer

ULC fuerdert Iwwerpréiwung vun Taxi-Tariffer

De Konsumenteschutz fuerdert eng Iwwerpréiwung vum Gesetz iwwer d'Taxiwiesen. D'Zil vum Gesetz vun 2016 war et d'Tariffer ze liberaliséieren an erofzedrécken. D'Präisser wieren awer staark geklommen, seet de President vun der ULC, den Nico Hoffmann.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock / Dmitriy Sergeev.

D'Gesetz vum 5. Juli 2016 huet dofir gesuergt, datt d'Tariffer vun den Taxie während e puer Méint erofgaange sinn. Vum Juli 2017 bis Dezember 2018 wiere se awer nees ëm 11,2 Prozent eropgaangen, seet den Nico Hoffmann. Tëschent September 2016 an Dezember 2018 géif dat eng Hausse vun an der Moyenne 6,6 Prozent bedeiten.

Wéi d'Gesetz a Kraaft getrueden ass, gouf eng Etüd gemaach. Deemools wier och eng weider Etüd versprach ginn. D'ULC fuerdert dofir, datt den Observatoire de la formation des prix kuerzfristeg eng nei Etüd iwwer d'Evolutioun vun de Präisser am Taxiwiese mécht. Jee nodeem wat do erauskéim, misst d'Gesetzgebung ugepasst ginn, seet den Nico Hoffmann.

De Panorama-Bäitrag vum Carole Schimmer:

Lauschterenplay_arrow