Radioen

On air

Notturno  |  Laraaji - I Can Only Bliss Out (F'Days)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Um Wee bei den zweete Referendum

Verfassungsreform

Um Wee bei den zweete Referendum

Uganks 2018 soll iwwer d'Verfassung ofgestëmmt ginn. D'Chamber wëll sech dës Kéier besser opstellen, wéi 2015. Wéi staark kann de Verfassungstext nach änneren? Wéi eng Roll spillt d'Bierger-Participatioun?

Pia Oppel / ys

auto_stories

6 min

Iwwer d'Biergerparticipatioun ginn d'Meenungen auserneen

Iwwer 130 Proposen fir Verfassungsännerungen hunn interesséiert Bierger tëscht Mäerz an Oktober 2015 op "ärvirschléi.lu" online agereecht. Zënter November ass déi zoustänneg Chamberkommissioun am gaang dës Proposen z'analyséieren an ze sënneren. D'DP-Deputéiert Simone Beissel seet, vill vun den Iddië wäre serieux gewiescht. "Déi aner sinn e bësselchen Dreemereien oder Utopien."

Aus de publizéierte Rapporten vun der Institutiounskommissioun geet ervir, dass d'Deputéiert ronn zwee Drëttel vun de Virschléi verwerfen. Mam Argument, datt se keng Majoritéit an der Chamber kéinte kréien. Den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler erkläert, datt iwwer vill vun de Propositioune schonn an deene läschte Joeren diskutéiert gi wär. D'Bierger, déi sech gemellt hätten, missten elo am Detail erkläert kréien, firwat verschidde Virschléi verworf géife ginn.

Effektiv wëllen d'Deputéiert mat de Bierger, déi Propose gemaach hunn, Argumenter austauschen. Dat soll am Kader vun enger ëffentlecher Unhéierung geschéien. Den LSAP-Fraktiounschef a President vun der Institutiounskommissioun Alex Bodry stellt sech d'Hearingen awer als eng relativ kuerz Renconter vu maximal engem Dag mat de Bierger vir.

Wat gëtt een dem Bierger fir seng Zoustëmmung?

Vun de Bierger-Proposen, déi d'Chamber elo schonn zréck behalen huet, fir se eventuell an d'Verfassungsreform afléissen ze loossen, betreffen der eng ganz Rei d'Grondrechter. Zum Beispill sozial Rechter, wéi d'Recht op Wunnen, oder och d'Verfassungsziler, wéi Gerechtegkeet an den Accès zu Kultur. Bis ewell war geplangt, d'Grondrechtskapitel an der Verfassung kuerz a knapp ze formuléieren. 

Dat kéint sech elo änneren, seet den Alex Bodry. Senger Meenung no géif et nach eng ganz Rei vu Lacunen an deene Rechter ginn. D'politesch Diskussioun géif sech virun allem ëm zwou Froen dréinen: "Wat ginn aklobar Rechter? A wat ginn herno Staatsziler?"

Ugangs 2018 - an deem Joer, wou déi aktuell Verfassung 150 Joer al géif ginn - wëll déi blo-rout-gréng Koalitioun e Referendum iwwer déi nei Verfassung organiséieren. Dass de Grondrechtskatalog kéint vergréissert ginn, hätt domadder och eppes ze dinn, mengt den Droit-Professer vun der Uni Lëtzebuerg Luc Heuschling. Verschidde Punkten, wéi d'Organisatioun vum Parlament, d'Roll vum Grand-Duc oder d'Reform vun der Justiz géifen d'Bierger manner interesséieren. "Wat ass populär? Dat sinn natierlech Mënscherechter, Grondrechter, Staatsziler. Ech mengen do huet d'Komissioun och lo gemierkt, datt si muss op de Bierger zougoen," sou de Luc Heuschling.

18 Méint fir Textännerungen

Fir beim decisionelle Verfassungsreferendum een Echec ze verhënneren, wéi beim consultative Verfassungsreferendum vum 7. Juni 2015, huet d'Chamber eng méi grouss a méi approfondéiert ëffentlech Debatt iwwer déi geplangten Ännerungen verprach. D'Uni Lëtzebuerg gouf beoptragt, bis de Summer mat sozio-economesch repräsentative Panelen eraus ze fannen, bei wéi enge Punkte vun der Reform dee gréissten Diskussiounsbedarf besteet. Iwwer déi méi kontrovers Theme sollen da Konferenzen fir de grousse Public organiséiert ginn. 

Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry schwätzt vun enger Konferenz pro Thema. Fir hien ass kloer, dass aus deene Konferenzen nach Iddien kéinten an déi nei Verfassung afléissen. Senger Meenung no wären déi nächst 18 Méint laang genuch fir iwwer eng Basis fir eng nei Verfassung ze diskutéieren.

Fir eng wierklech Partizipatioun vun de Bierger géif net genuch Zäit bleiwen, fäert de Serge Urbany vun déi Lénk. "Zum Schluss vun den Aarbechte gëtt versicht e bëssen opzemaachen. Awer net ze vill. A mir fäerte wierklech, datt elo, wou mir no 150 Joer eng nei Verfassung solle kréien, d'Resultat wierklech ganz schappeg ass." Deen eenzege Fortschrëtt wär, datt d'Chamber elo virun Neiwahlen net méi kéint vum Grand-Duc opgeléist ginn.

ADR mëscht sech manner an

Den ADR-Deputéierte Roy Reding sengersäits gesäit déi zousätzlech Participatiounsoffer skeptesch. D'Bierger hätte jo elo schonn iwwer Internet kënnen hir Proposë maachen. Déi hätten an hirer Subjektivitéit eng Berechtegung. Awer an enger Constitutioun hätten déi Fuerderungen näischt ze sichen: "Do geet et ëm Rechter a Flichte vun engem Bierger. Et geet ëm d'Definitioun vun enger Staatsform. Et geet ëm eng Definitioun vun den Organer vum Staat. Dat ass näischt wat sech immens eegent, fir stonnelaang dobäi Téi ze drénken."

D'ADR hat mat hirer Campagne géint d'Auslännerwahlrecht eng ganz aktiv Roll am Virfeld vum consultative Verfassungsreferendum gespillt. Aus aus de Preparatioune vum zweete Referendum hält d'Partei sech bis ewell gréisstendeels eraus. De Roy Reding ass seelen als Observateur an de Reunioune vun der Institutiounskommissioun derbäi. Mëttwochs Moies misst hien an d'Comission Juridique goen, esou de Vizepresident vun der Partei. D'ADR géif awer d'Berichter liesen an hätt och scho schrëftlech hir Positiounen eraginn.

CSV: Wahltaktik ass net alles

Éier déi nei Verfassung de Bierger an engem Referendum ka virgeluecht ginn, muss den Text eng Zwee-Drëttel-Majoritéit an der Chamber kréien. D'Majoritéitsparteie sinn also op d'Zoustëmmung vun der CSV ugewisen. Ass et fir déi gréissten Oppositiounspartei ee Problem am Referendum eng konsensuell Campagne ze maachen, wann puer Méint méi spéit, am Oktober 2018, Chamberwahle sinn?

De Claude Wiseler seet, et wär méi komplizéiert, wéi taktesch politesch Iwwerleeungen. "Mir si kloer an däitlech der Meenung, datt mir eng nei Verfassung brauchen. Dofir muss déi Aarbecht wierklech serieux gemaach ginn." Dee beschten Zäitpunkt fir iwwert d'Verfassung ofzestëmme wär eng aner Fro.

Ob de Referendum dann effektiv kann Uganks 2018 organiséiert ginn, hänkt dervun of, wéi zefridden de Staatsrot mat der aktueller Reformpropose ass, a wéi vill d'Chamber an deenen nächste Méint nach um Text ännert.