Radioen

On air

Notturno  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Un der Front

Coronavirus

Un der Front

D'Spideeler stelle sech fir déi nächst Wochen a Méint op eng staark Hausse vun de Covid-Patienten an. Schonn elo huet sech den Alldag hei komplett verännert. Mir hu mat der Directrice des Soins am CHL Monique Birkel, dem Responsabele vun den Urgencen am CHL Marc Simon, dem Chef-Infirmier an den Urgencë vun den Hôpitaux Robert Schuman Pol Wio, an dem Chef-Urgentiste vun den HRS Emile Bock geschwat.

auto_stories

8 min

Dem Gesondheetsministère no sinn den Ament 37 Leit wéinst COVID hospitaliséiert. Patienten, déi intensiv Soine brauchen, ginn et der dem Dr. Simon an dem Dr. Bock no den Ament dräi am CHL an zwee an den Hôpitaux Robert Schuman.

Ganz dynamesch Entwécklung

Virun enger Woch wieren eng 15 Prozent vun de Leit an den Urgencen, wéinst Verdacht op COVID komm. Mëttlerweil wier hiren Undeel op bal d'Hallschent vun de Passagen an den Urgencë geklommen, esou de Marc Simon.

De Pol Wio an den Emile Bock

D'Symptomatik wier een Infekt vun den ieweschten Otemweeër, Muskelwéi, Kappwéi, Féiwer. "Fir eis fänkt et u kritesch ze ginn, wann d'Leit soen, 'Ech kréie wierklech schlecht Loft, wann ech mech beweegen'." An deem Fall géif een d'Leit am Spidol halen. Mee d'Krittären, wien hospitaliséiert gëtt, géifen ugepasst ginn, fir der Capacitéit an de Spideeler Rechnung ze droen.

Statistiken, Zenarioen a Capacitéiten

Zur Fro, op wéi een Zenario de Grand-Duché sech misst astellen, äntwert d'Monique Birkel mat e puer Explikatiounen: D'Cellule de crise vum Gesondheetsministère kritt vun de Spideeler all Moien ee Rapport iwwer d'Situatioun. Do hätt een also een Iwwerbléck iwwer d'Capacitéiten am ganze Land, déi nach géife vergréissert ginn. Mëttlerweil wieren zum Beispill 500 Spidolsbetter fräi fir COVID19-Patienten. An och aner Strukture wieren do, fir dës Patienten ze suivéieren.

An engem klenge Land wier d'Situatioun vill méi iwwersiichtlech, wéi zum Beispill a Frankräich oder Italien. Mee d'Directrice vun de Soinen am CHL seet och: "Wat wierklech op eis duerkënnt, dat weess haut keen."

D'Spideeler wieren zwar op Krisesituatioune preparéiert a géifen hir Pläng och am Kader vun Exercicen testen. Anescht wier elo, datt et net no e puer Stonnen nees gedoe wier.

#BleiftDoheem

D'Kurv vun den Infektiounen - an deemno och vu Patiente mat Komplikatiounen - méiglechst flaach halen, dat ass elo de Mot d'ordre. Datt d'Leit elo méiglechst mussen doheem bleiwen, entsprécht deem, wat den Emile Bock de 16. Mäerz mat Nodrock op de soziale Medie gefuerdert hat. Wéinst der Inkubatiounszäit rechent hie fir Enn Mäerz, Ufank Abrëll mat dem héchsten Taux vun neien Infektiounen. "Dat ass awer net de Pic fir d'Aarbecht vun de Spideeler, dee kënnt dann eréischt siwe bis 14 Deeg no den Infektiounen".

De Marc Simon betount, datt een d'Zäit bis zum Héichpunkt vun der Corona-Kris nach kann notzen: "Tatsaach ass, datt et elo um Terrain virun allem drëms geet, sech nach wieder ze preparéieren, soulaang mir Zäit hunn".

De Marc Simon

D'Mesurë vun der Regierung géifen d'Urgencen entlaaschten: Aarbechtsaccidenter, Sportsaccidenter oder Autosaccidenter wiere "quasi net méi existent". Hiereschlag oder Häerzinfarkter géif et natierlech weiderhi ginn, esou de Marc Simon: Een Nodeel wier, datt d'Leit elo d'Tendenz hätten ze laang ze waarden, éier si an d'Urgencë ginn.

Eng strikt Ausgangsspär wier néideg, wann d'Leit sech net un d'Reegelen halen, mengt den Emile Bock. "Dat aller wichtegst an dëser Kris ass, datt d'Leit sech disziplinéiert a verantwortlech behuelen, bis mir iwwer dee Pic ewech sinn."

Materialmanktem am Alldag

Mir hunn eis ganz Aarbechtsweis missen ëmstellen", seet de Pol Wio. De Chef-Infirmier an den Urgencë vun den Hôpitaux Robert Schuman erkläert, datt et elo am Spidol allgemeng, mee och an den Urgencen zwou strikt getrennte Filièrë ginn: Eng fir COVID19-Patienten an eng fir déi aner.

Eng grouss Gefor wier, datt Personal sech ustécht. D'Schutzmaterial wier elo relativ enk ginn. Wann näischt nokéim, da wier séier näischt méi do. Fir ze spueren hätt een d'Material scho manner dacks gewiesselt, wéi recommandéiert. "Et ass elo grouss ugekënnegt ginn, datt eng Millioun Maske kéimen, dat berouegt een natierlech."

Seng Famill misst elo vill Gedold hunn, seet de Pol Wio. Hien hätt elo zwielef Deeg um Stéck all Dag eelef bis zwielef Stonne geschafft, wéinst der Corona-Kris.

D'Ängschten an d'Froe vun de COVID19-Patiente géifen den Alldag vum Fleegepersonal aktuell staark markéieren, seet d'Monique Birkel. D'Virgabe zum ideale Schutzmaterial géifen den Ament heefeg adaptéiert ginn, opgrond vun den Erfarungswäerter aus anere Länner.

Zur Problematik vun de Maske weist d'Monique Birkel sech optimistesch, datt Lëtzebuerg effektiv elo eng grouss Liwwerung kritt.

D'Monique Birkel

Den neie Coronavirus wier extreem ustiechend, dowéinst dierft kee Feeler bei den Hygiènesreegelen an dem Material geschéien, seet de Marc Simon. Dat schlëmmst, wat kéint passéiere wier, datt kee Personal méi do wier.

Am Extreemfall, wou de Personalmanktem akut wier, an hie géif sech ustiechen, wëllt den Emile Bock an eng COVID19-Statioun schaffe goen, "soulaang ech kann".

Personal a vollem Asaz

D'Personal wier present, erkläert d'Monique Birkel. Dee speziell fir d'Spideeler organiséierten Encadrement vu klenge Kanner géif "ganz gutt klappen". D'selwecht de System, datt Frontalieren een Hotelszëmmer hei am Land kréie kënnen:

"An ech muss soen, et ass eng immens, immens Solidaritéit an der Bevëlkerung. Et sinn immens vill Firmen, déi Kontakt ophuelen a froen, wat mir brauchen. Vun deem Standpunkt brauche mir eis wierklech keng Suergen ze maachen. (...) Oder Cabinets dentairen, déi hir Schief eidel maache mat de Reservë vun de Masken. Et ass, wat d'Valeuren ugeet vun enger Gesellschaft, e flotten Ament."

Och an de Spideeler géif eng grouss Solidaritéit herrschen, beschreift d'Monique Birkel: Vun den Dokteren, Infirmieren, iwwer d'Administratioun an och zum Botzpersonal, wat an dëser Situatioun immens wichteg wier.

De Pol Wio

Dat selwecht erlieft de Pol Wio beim Fleegepersonal a sengem Spidol. A sengem Team hätt keen de Congé pour raisons familiales gefrot, oder wier krank geschriwwen.

Personal: Wat méi, wat besser

Fir zousätzlech Infirmieren, Dokteren an anert Personal ze hunn, sinn am CHL an an den HRS eng Rei Demarchë geholl ginn:

  • Leit, déi Temps partiel schaffen, goufe gefrot fir wärend der akuter Phas Vollzäit ze schaffen,
  • Pensionéiert Personal oder Doktere goufe kontaktéiert, muss awer extra geschützt ginn,
  • Et gëtt Formatiounsoffer fir d'ganzt Personal, fir kënne bei der Prise en charge vu COVID19-Patienten op verschiddenen Niveauen ze hëllefen,
  • Medezinsstudente kommen hëllefen.

D'Monique Birkel seet dozou:

"D'Spidoolswiese funktionéiert am Moment ganz anescht, awer op eng Aart a Weis, déi op Solidaritéit opgebaut ass."

D'Spideeler géifen och immens entlaascht ginn, well d'Generaliste vill iwwerhuelen, betount den Emile Bock. D'Corona-Pandemie wier fir d'Personal kee Sprint, mee eng laang Course. Dowéinst wier et wichteg, "Leit ze hu fir déi verschidden Etappen ze meeschteren." Och de Marc Simon mengt, datt dës Ausnamesituatioun fir d'Spideeler "Wochen, wann net Méint" wäert daueren.

Zouversiicht

Wat geschitt, wann d'Spideeler bis un d'Grenze vun hire Capacitéite kommen an net méi all Patiente kënnen adequat soignéiert ginn? Déi Fro hätt ee sech nach net mat där Intensitéit gestallt, seet d'Monique Birkel.

Den Emile Bock zielt, datt am Spidolsgrupp Robert Schuman en Ethikrot zesummekomm wier, fir iwwer ethesch Froen ze diskutéieren. "Et ass eng extrem schwiereg Fro", seet den Urgentist, falls een d'Patienten net méi all kéint soignéieren.

Den Emile Bock

An den Ekippe gëtt vill kommunizéiert an och iwwer Suerge geschwat, seet de Marc Simon. Och an de Spideeler hätt ee psychologesche Support. Jiddweree misst kënnen doriwwer schwätzen a sech ausdrécken. Dat wier keng nei Situatioun, déi Servicer géifen et scho ginn.

De Pol Wio zielt vu jonken Infirmieren, déi Tréinen an den Aen hätten, wa si schaffe kommen. De Gros vum Personal hätt esou eng Situatioun nach ni matgemaach. Verschidde Leit géifen déi Situatioun ganz schlecht ophuelen, mee déi gutt Messagë vun de Leit dobausse géifen hëllefen.

Grondsazfroe fir no der Kris

De Pol Wio weist drop hin, datt d'Infirmieren net nëmmen elo "Helde" wieren, si wieren ëmmer am Asaz fir de Leit ze hëllefen. Déi vill positiv Messagen, déi elo aus der Bevëlkerung kéimen, géifen trotzdeem guttdoen.

"Verschidde Saache si bëssen irreell ginn", seet de Marc Simon. Virun e puer Deeg hätt ee vun de Waardezäiten an den Urgencë geschwat, elo wier een an enger komplett anerer Situatioun. Et sollt ee sech nach eng Kéier iwwerleeën, ob wierklech am Gesondheetssystem kéint gespuert ginn.

Den Emile Bock seet, datt ee sech mat engem rouege Kapp sollt iwwer déi Froe Gedanke maachen, wann d'Kris eriwwer wier. Fir de Moment géif et dorop keng direkt Äntwert ginn. Spéider misst ee sech d'Fro stellen, wéi eng Stellung de Gesondheetssystem an der Gesellschaft hätt.