Iwwer Ouschteren hätte méi Famillen zesumme gefeiert, wéi datt Jugendlecher am Park zesumme Béier gedronk hätten, esou d'Spriecherin vun der UNEL.
Jonker sollten net als Reegelbriecher stigmatiséiert ginn, esou d'Estelle Née:
"Mir bäissen op d'Zänn. An et sinn och ganz vill Jugendlecher, déi sech denken: 'Mir maachen dat aus engem gudde Grond, well mir hunn och Loscht gutt aus der Kris ze kommen.'"
D'Estelle Née mengt et wier wichteg ze kucken, datt déi Jonker ënnerstëtzt ginn, déi amgaange sinn opzegi fir längerfristeg Konsequenzen ze vermeiden:
"Well wa mir elo wärend der Pandemie keng Loscht méi hunn, an d'Loscht dann awer no der Pandemie erëmkënnt, dann ass dat eng Saach. Mee wann d'Zuel vun deenen, déi keng Loscht méi hunn perduréiert, da kann dat wierklech e groussen Impakt op eis Generatioun hunn."
Méi Normalitéit an der Uni
D'UNEL fuerdert och méi e klore Plang fir d'Coursen op der Uni Lëtzebuerg. D'Studentenorganisatioun kritiséiert, datt déi meescht Proffen hir Coursë weider haaptsächlech Online géifen halen.
All Studéierende géif sech freeën erëm dierfen op d'Uni ze goen. Et wier esou lues un der Zäit, datt se erëm eenegermoossen normal hir Studie weiderféiere kënnen, esou nach d'Estelle Née.