Radioen

On air

Notturno  |  Memphis - Shake & Rock Till The Police Knock

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Eng schwiereg Budgetssituatioun

Uni Lëtzebuerg

Eng schwiereg Budgetssituatioun

Intern Dokumenter weisen, datt d'Uni Schwieregkeeten huet hire Budget an de Grëff ze kréien. Fir déi néideg Spuerefforten ze meeschteren, krut d'Rektorat eng Beroderin vu McKinsey zur Säit gestallt. D"Lëtzebuerger Land" hat den 21. Abrëll geschriwwen, d'Uni stéing ënner "Curatelle" vum Conseil de Gouvernance.

auto_stories

5 min

© Université du Luxembourg - Brumat Photo / Foersom Sàrl

Leschte Mount huet d’Rektorat op Demande vum Conseil de Gouvernance eng Analys vum Budget 2017 virgeluecht - eng Analys déi vun der Berodungsfirma McKinsey gemaach gouf. Et gouf ee gewëssen Zäitdrock, well d’Uni hat nach ëmmer kee Budget fir 2017, an deemno iwwert ee Joer Retard géigeniwwer de gesetzleche Virgaben.

Aus der Analys vu McKinsey goung ervir, datt déi geplangten Depensë vun der Uni "opgrond vun den effektive Besoinen" dëst Joer 26,8 Milliounen Euro iwwert dem disponibele Budget géife leien.

Ee strukturelle Problem

Konkret heescht dat: Am Mäerz 2017 huet d’Rektorat dem Conseil de Gouvernance kloer gemaach, datt d’Uni nach dëst Joer virun engem Budgetslach vu bal 27 Milliounen Euro steet. Dat ass eng grouss Zomm am Verglach zum Gesamtbudget vu ronn 220 Milliounen Euro, wat op ee strukturelle Problem an der Budgetsplanung hin deit.

Dëse Gesamtbudget, dee fir 2017 zur Verfügung steet an dee sechs Prozent iwwert dem Budget vun zejoert läit, setzt sech zesummen aus:

  • Der staatlecher Dotatioun vun 160 Milliounen
  • 47 Milliounen extern Fuerschungsgelder
  • 13 Milliounen aner Recetten, dorënner d’Studiegebühren an de Finanzement vum Staat fir Beamten

Salairen & Informatik kaschte méi

McKinsey huet d’Explosioun vun den Depensen an der Haaptsaach mat zwou Entwécklungen erkläert:

  • Obwuel dëst Joer bis ewell keng nei Poste geschafe goufen, géif d’Masse salariale ëm iwwer 15 Prozent klammen: Dat ënnert anerem wéinst Index an Salairehaussen, a wéinst neie Posten déi zejoert decidéiert goufen. Am stäerkste wier d’Zuel vum Personal zënter 2014 an der Zentraladministratioun gewuess.
  • D'Depensen fir d'Informatik sollte sech 2017 géigeniwwer dem Joer virdrun quasi verdräifachen, an zwar vu bal siwen op iwwer 20 Milliounen Euro, well d’Uni méi grouss ginn ass an "urgent" Investissementer an d’Sécherheet vun der Infrastruktur misst maachen, déi an de leschte Joren net gemaach goufen

Manner CDDen a manner botzen

McKinsey huet Spuermesurë proposéiert mat engem Spuerpotential vun am Ganzen 11,3 Milliounen Euro:

  • Salairen: 5,6 Milliounen (Keng Verlängerung vun zäitlech limitéierten Aarbechtskontrakter, kee Remplacement vu Leit déi ginn, Afréiere vu geplangten 61 Recrutementer)
  • Service Informatique de l’Université: 2,2 Milliounen (méi käschten-effifzient Akafspolitik, Standardiséierung bei Software, Käschtebedeelegung fir Notzer)
  • Service de Développement des Sites: 2,7 Milliounen (Büroe vun der Fakultéit vum Droit an de Finanze am Weicker-Gebai um Kierchbierg net reamenagéieren, kee Reamenagement vun der Maison du Savoir fir der méi grousser Personalzuel gerecht ze ginn)
  • Service des Infrastructures et de la logistique: 1,3 Milliounen (D'Uni am Joer dräi Wochen ganz zoumaache fir Energie ze spueren, keng nei Miwwelen uschafen, Gebaier manner dacks botzen, Fraisë fir d’Notze vu Parking an Telefon froen)

Siwe Millioune Reserven

McKinsey huet och proposéiert fir op d’Reserven zréck ze gräifen, déi entstane sinn, well d’Uni déi lescht Joren dacks hire Budget net ganz genotzt huet. Vun den am Ganzen 17 Milliounen Euro Reservë sinn awer schonn zéng Millioune fir Projeten ageplangt, bleiwen also nach siwe Milliounen iwwereg.

Well och dat net duer gaange wier, fir een equilibréierte Budget z'erreechen, huet McKinsey doriwwer eraus nach eng Rei net chiffréiert Piste fir ze spuere opgezielt.

Zil: Equilibréierte Budget

Een Defizit war fir de Conseil de Gouvernance awer keng Optioun. Den 1. Abrëll huet dat externt Opsiichtsgremium een equilibréierte Budget fir 2017 decidéiert, wat zousätzlech Spuermesurë bedeit. A wéi enge Beräicher soll gespuert ginn, geet aus dem Budgetsprojet ervir, deen de Conseil Universitaire den 30. Mäerz virgeluecht krut - an deemools ofgeleent hat.

Gespuert gëtt dësem Dokument no par rapport zum Budetsprojet vum Rektorat vu Mäerz haaptsächlech:

  • Beim Personal: 5,6 Milliounen Euro, wéi vu McKinsey proposéiert sollen ënnert anerem CDDen net verlängert ginn
  • Bei der IT-Infrastruktur: Hei sinn 9,7 Millioune virgesinn amplaz vun 20 Milliounen (wat nach ëmmer eng Hausse vu bal 50 Prozent géigeniwwer 2016 ass)
  • An et si generaliséiert Spuerefforte fir déi ganz Uni virgesinn

Am Detail sollen d'Depensen sech deemno esou entwéckelen:

  • Funktionnementskäschten vu 42 Milliounen: Dat sinn aacht Prozent manner wéi 2016 an 28 Prozent manner wéi am Mäerz geplangt
  • Fakultéiten an Interdisziplinär Zentrume kréien 33,79 Milliounen: Dat ass eng Hausse vun dräi Prozent géigeniwwer 2016, mee 5,8 Prozent manner wéi am Mäerz geplangt
  • Masse salariale vun 96,36 Milliounen: Dat sinn zéng Prozent méi wéi 2016, mee 4,8 Prozent manner wéi am Mäerz geplangt

McKinsey hëlleft

Den Ament herrscht op der Uni Ongewëssheet wéi d'Budgetvirgaben am Detail ëmgesat ginn. Fir d'Ëmsetzung ze meeschteren, krut d'Rektorat eng Beroderin vu McKinsey zur Säit gestallt. Uni-intern gëtt sech d'Fro gestallt, wien um Enn d'Responsabilitéit fir dës mësslech Situatioun iwwerhëlt.

A mam Budget 2017 ass d'Aarbecht nach net erleedegt: Eigentlech misst och schonn ee Budget fir 2018 virleien. Éier dee kann opgestallt ginn, muss d’Uni hir Strategie fir den neie Véierjoresplang virleeën. Un dësem gëtt grad geschafft, fir d’Ausriichtung vun der Uni ass dat ee kruziale Moment.

Véierjoresplang

De Recteur Rainer Klump hat den 1. Mäerz een Dokument virgeluecht mat véier Zeenarioe fir déi zukünfteg Prioritéite vun der Uni. Hei gi véier Optioune proposéiert: An enger Optioun géif alles bleiwe wéi haut, mat enger Mëschung vu méi oder manner erfollegräichen, respektiv international an national relevante Fuerschungsberäicher. Déi aner dräi Optioune proposéiere fir sech méi oder manner staark op international unerkannte Fuerschungsberäicher ze konzentréieren, respektiv op national relevant Beräicher.

An alle véier Zeenarioe géifen dräi Fuerschungsberäicher mëttelfristeg keng Sue méi kréien: Nohalteg Entwécklung, Migratioun an déi traditionell Ingenieurswëssenschaften. Héich Prioritéit hätten an allen Zeenarioen d’Biomedezin an "Health" allgemeng, d'Computerwëssenschaften an d'Europäescht Recht.

Déi aner Fuerschungsberäicher géife jee no Zeenario mat der Zäit u Relevanz gewannen oder verléieren, dorënner d’Materialwësenschaften, d’Educatiounswëssenschaften, d’Geeschteswëssenschaften, d’Economie, d’Finanzen an d’Logistik.

Wiem seng Strategie?

Mëtt Mäerz, bei enger "Retraite", wou all déi wichteg Acteure vun der Uni ee Weekend um Projet vum Véierjoresplang sollte schaffen, war de Recteur aus Krankheetsgrënn awer net do a konnt säin Dokument deemno net verdeedegen. Dat huet eisen Informatiounen no zu zousätzlechen Tensioune mam Conseil de Gouvernance gefouert. D'Rektorat wier opgefuerdert ginn d'Strategie ze präziséieren, an dobäi déi rezent extern Evaluatioun vun der Uni méi staark ze berécksiichtegen.

Wie beim Ausschaffe vum Véierjoresplang d'Soen huet bleift ofzewaarden. Dem Lëtzebuerger Land no wieren dat de Conseil de Gouvernance a McKinsey - och wann de Recteur elo no iwwert engem Mount Absence nees do ass.