Den Educatiounsministère hat rezent gesot, datt de Bachelor an der Medezin eréischt an den nächsten dräi bis fënnef Joer géif evaluéiert ginn, fir dann ze kucken, ob e Master méiglech wier.
Am Ausland eng Plaz fannen
De Professer Gilbert Massard hofft, datt dat schonn éischter geschitt. Hie kéint sech virstellen, datt d'Regierung wéinst der Corona-Kris eng aner Decisioun trefft, fir de Moment kéint ee sech awer just op dat baséieren, wat bis elo gesot gouf.
D'Decisioun fir ee Master ze schafen hänkt vun der Evaluatioun vun deenen zwou éischte Bachelor-Generatiounen of.
"Dee Moment muss dann och ofgeséchert sinn, datt eis Studenten am Ausland eng Plaz fir eng Spezialisatioun fannen. Datt si do op auslänneschen Unien ugeholl gi fir déi Spezialitéiten, déi si zu Lëtzebuerg net kënne maachen. An dat verlaangt vläicht nach e puer Momenter vu Verhandlung vun eiser Regierung mat eisen Nopeschlänner."
Spezialiséierunge elo schonn ausbauen
Bis ewell bitt d'Uni Lëtzebuerg dräi spezialiséiert Ausbildungen un: an der Onkologie, der Allgemengmedezin an an der Neurologie.
Dem Direkter vun der Medezinsausbildung op der Uni no kéint een zu Lëtzebuerg awer souguer schonn d'Spezialisatiounsausbildung ausbauen, éier de Masterprogramm uleeft. Esou géifen eventuell Lëtzebuerger, déi direkt oder nom éischte Joer an d'Ausland studéiere gaange sinn, nees een Appell kréie fir zeréck op Lëtzebuerg ze kommen.
Dem Professer Gilbert Massard no wier et dann och fundamental wichteg, datt d'Studenten zu Lëtzebuerg en Doktertitel an der Medezin kënne kréien.