Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ UNODC: Legaliséierung vu Cannabis kann Drogeproblem verschäerfen

Drogen

UNODC: Legaliséierung vu Cannabis kann Drogeproblem verschäerfen

De Cannabis-Konsum féiert zu enger zousätzlecher Belaaschtung vun eise Gesondheetssystemer: den UN-Büro fir Drogen-a Kriminalitéitsbekämpfung warnt am Weltdrogerapport virum ëmmer méi staarke Cannabis an dem méi héije Konsum. Dat kéint zu Suchtproblemer a psycheschen Erkrankunge féieren.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Beim Cannabis wier virun allem déi méi héich Konzentratioun vum Haaptwierkstoff Tetrahydrocannabinol (THC) problematesch. De Cannabis um Marché géif ëmmer méi staark ginn - reegelméissege Konsum géif zu méi Suchtproblemer an zu psycheschen Erkrankunge féieren.

Ronn 30 Prozent vun den Drogentherapien an der EU wieren op Cannabis-Konsum zeréckzeféieren. An Afrika, esou wéi enger Partie latäinamerikanesche Länner, mécht d'Cannabis Sucht de gréissten Deel vun den Therapien aus.

En Impakt op de Gesondheetssystem

Eng Legaliséierung vu Cannabis géif den Drogeproblem verschäerfen, esou den UNODC. An Nordamerika wier zanter der Legaliséierung méi Cannabis consomméiert ginn an d'Zuel u psychiatresche Stéierungen a Suicidë geklommen.

Och d'Openthalter an de Spideeler hätten zanterhier zougeholl, sou d'Aschätzunge vum UN-Büro fir Drogen-a Kriminalitéitsbekämpfung.

284 Millioune Jugendlecher an Erwuessener consomméieren Drogen

Cannabis ass nach ëmmer déi Drog déi weltwäit am meeschte consomméiert gëtt. Den UNODC schätzt, dass bal 4 Prozent vun der Weltbevëlkerung am Alter vu 15-64 Joer am Joer 2019 op d'mannst eemol Cannabis consomméiert hunn.

Dat entsprécht ongeféier 200 Millioune Mënschen. Och aner, méi staark, Droge maachen dem UNODC Suergen: aus de leschten Zuele geet ervir, datt weltwäit 284 Millioune Jugendlecher an Erwuessener Droge consomméieren.