Enn d'lescht Joer hat de Gesondheetsministère d'Resultater vun deem Audit an de véier groussen Urgenceservicer presentéiert. Zanter ufank vum Joer gëtt un der Ëmsetzung vun de Recommandatioune vun deem Audit geschafft, sot d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch.
Fir den Empfang vu Patienten ze verbesseren, soll bannen deenen éischten zéng Minutten een Tri vun de Patiente realiséiert ginn. Fir ze verhënneren, datt eeler Leit stonnelaang op een Dokter musse waarden, gëtt dru geduecht, fir medezinesch Betreiungen an den Altersheemer ze plangen. Weider gouf an der Kannerklinik un neie Raimlechkeete geduecht.
Et gëtt och ee Manktem u spezialiséierten Infirmieren an Dokteren an den Urgenceservicer. An enger éischter Phas ginn eng 20 Poste geschaaft. Mëttelfristeg missten eng 230 Leit rekrutéiert ginn.
Parallel Garde an de Stater Spideeler
Eng weider Ännerung betrëfft d'Urgenceservicer an der Stad. Bis elo hunn den CHL an d'Kierchbierger Spidol ofwiesselnd d'Garde assuréiert. Vun 2019 u funktionéieren d'Urgenceservicer vu béid Spideeler während dem Dag parallel.
Dofir bräicht een awer vill méi Personal, huet den DP-Deputéierten Edy Mertens bemierkt. Zefridden ass hien, datt d'Policlinique zu Wolz bestoe bleift. Dat gelt och fir d'Zithaklinik an d'Nidderkuerer Spidol.
Am Ganzen huet den Audit 32 Haaptrecommandatiounen an 130 Aktiounen identifizéiert.