Radioen

On air

Notturno  |  Paul Fox Collective - I'm Sorry

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ursula von der Leyen: D'Majoritéit bleift wackeleg

EU-POLITESCHE WOCHERÉCKBLÉCK

Ursula von der Leyen: D'Majoritéit bleift wackeleg

De Jean-Claude Juncker seet Äddi an d'Ursula von der Leyen sëtzt no engem klénge Retard elo an de Startlächer. D'Europaparlament huet mat grousser Majoritét gréng Luucht ginn, fir dat si mat hirem Team vu 26 EU-Kommissären ufänke ka mat schaffen. Kann déi éischt Fra un der Spëtzt vun der Kommissioun elo opootmen? Dorop kucke mer mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

4 min

Danièle Weber

Simon Larosche: E Mëttwoch gouf d'Equipe vun der Ursula von der Leyen am Europaparlament mat grousser Majoritéit gutt geheescht. Ka si sech elo op déi Majoritéit verloossen?

Dat war effektiv ee wichtege Moment fir si dës Woch am Europaparlament. An et ass dës Kéier gutt gelaf fir d'Ursula von der Leyen.

Mir erënneren eis: Am Juli, wéi d'Parlament iwwer si als Kandidatin fir Kommissiounspresidentin ze ginn, ofgestëmmt huet, ass si sou just approuvéiert ginn. Deemools war et op e puer Stëmmen ukomm, dattsi eng Majoritéit krut.

Dës Kéier ass déi Majoritéit vill méi confortabel. Déi nei Kommissioun gouf mat 461 vun 707 Stëmme gutt geheescht. Firwat ass déi Majoritéit sou grouss ausgefall? Déi grouss Parteien, also d'Europäesch Vollekspartei, d'Sozialisten an déi Liberal sinn der Parteilinn gefollegt an hunn zimmlech komplett fir déi nei Kommissioun gestëmmt.

Si kommen zesumme schonn op ronn 440 Stëmmen, dat ass eng Majoritéit vun den 751 Europadeputéierten. Fir déi nei Kommissioun hunn awer och eng 30 Europadeputéiert vum Grupp vun den Europäesche Konservativen a Reformiste gestëmmt, déi meescht Stëmmen koumen hei vun den Deputéierte vun der polnescher Regierungspartei PiS.

Alles an allem kann een also soen, datt déi grouss Koalitioun am Parlament funktionéiert huet an et koumen nach Stëmme vum méi rietse Bord dobäi.

Grad d'Deputéiert vun deem Bord kéinte fir eng Iwwerraschung gutt sinn. D'Ursula von der Leyen selwer huet vun enger pro-europäescher Majoritéit geschwat. Wéi stabil ass déi?

Wann ee sech d'Resultat vun dësem Vott méi genee ukuckt, da gesäit een effektiv, wou kéinte Problemer leien. Déi polnesch Deputéiert vun der PiS-Partei sinn zum Beispill mat 26 Leit eng staark Fraktioun.

Si an Anerer kéinte bei kriddelege Sujeten, wéi der Migratioun an dem Klimaschutz ganz anescht ofstëmmen. An et ass och guer net sécher, datt do déi grouss Koalitioun vu Chrëschtdemokraten, Sozialisten a Liberalen esou zesummenhält wéi bis elo. Si kommen zesummen ebe just op eng knapps Majoritéit. Bis elo huet d'Ursula von der Leyen net vill ënnerholl, aner pro-europäesch Fraktiounen, wéi zum Beispill déi Gréng oder déi Lenk u Bord ze kréien. Si wäert si awer brauchen, wa se zum Beispill hiren "Green Deal" mat Mesurë fir de Klimaschutz presentéiert. Dat wëll si jo nach am Dezember machen.

Huet déi nei Kommissiounscheffin dann dës Woch zu Stroossbuerg erkläert, wéi si hei well virgoen?

Si huet et probéiert. Allerdéngs ass si souwuel an hirer Ried am EP wéi och dono an der Presse-Konferenz ganz vage bliwwen. Et muss ee scho bal soen, datt si am Fong haaptsächlech mat typesche Politikersätz hantéiert huet. Och op konkret Froe vu Journalisten, eben no där Fro vun de Majoritéiten, huet si mat allgemengen Aussoen, Passepartoute geäntwert.

Op d'Fro, Wéi si am Dossier vun der Migratioun d'Majoritéit fir sech gewanne wëll, sot si zum Beispill, et misst een een neie Start maachen, Mesure bündelen etc. D'EU wier sou stolz op hir Wäerter, datt si dowéinst misst kapabel sinn, eng ëmfaassend Léisung ze fannen. De Problem ass awer, datt déi lescht fënnef Joer bannent där pro-europäescher Majoritéit net geklappt. An dat wäert sech elo net einfach esou änneren - also do muss si schonn eppes méi Konkretes presentéieren.

Den Nach-Kommissiounschef Jean-Claude Juncker seet haut Äddi zu Bréissel - an ass schonn am gaange säi Büro ze raumen. Wat steet do um Programme?

Effektiv, wéi mer aus sengem Entourage gewuer gi sinn, ass hien am gaange Këschten ze paken, a vu sengem grousse Büro um 13. Stack an ee vill méi klengem um 8. Stack am Berlaymont, dem Kommissiounsgebai, ze plënneren.

Hien huet nach eng Partie RV mat Kommissären aus senger Equippen, déi och am gaange sinn, hir Saachen ze paken, fir do Äddi ze soen

Mëttes ass et et dann een Äddi am Pressesall vun der Kommissioun an da Mëttegiesse mat sengen enkste Mataarbechter

Déi nei Kommissioun fänkt e Sonndeg un. Déi offiziell Iwwergab vum Pouvoir ass dann en Dënschdeg. Déi nei Cheffin ass bis dohin zu Madrid op der Klimakonferenz, an hirer neier Funktioun.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.