Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ursula von der Leyen nach net um Zil

Presidence vun der EU-Kommissioun

Ursula von der Leyen nach net um Zil

Eppes iwwer eng hallef Stonn laang huet d'Ursula von der Leyen de Moien an enger Ried am Europaparlament hir Iddie presentéiert. Et war hir lescht Chance méiglechst vill Deputéiert dovun ze iwwerzeegen, den Owend fir si ze stëmmen. Nach ass onkloer, ob et duer geet.

auto_stories

2 min

Déi däitsch Verdeedegungsministerin gouf virun zwou Woche vun de Staats- a Regierungscheffen als Kandidatin fir Kommissiounspresidentin ze ginn, proposéiert. Si brauch awer eng Majoritéit am Europaparlament.

Nach ass et net sécher, datt si dorop ziele kann. Hir Ried huet do net fir méi Kloerheet gesuergt. D'Skepsis bleift op verschiddene Säite bestoen.

Et war däitlech ze spieren, datt net jiddwereen vun dëser Ried a vun der Kandidatin von der Leyen iwwerzeegt ass.

D'Ursula von der Leyen huet et ouni Zweiwel fäerdeg bruecht, sech als iwwerzeegten Europäerin ze presentéieren. Si huet hir Ried mat vill Motivatioun an Engagement presentéiert. Fléissend an dräi Sproochen, wéi sech dat fir eng Europäerin gehéiert.

Sozialisten nach net decidéiert

Inhaltlech ass si deels méi wäit gaangen, wéi si dat an hiren Entrevuen déi lescht Woch am Parlament gemaach huet. Méi ambitiéis Klimaziler a méi konkret Engagementer am soziale Beräich: ee Mindestloun fir jiddwereen. Un engem legale Kader dofir wëllt d'Kandidatin schaffen an dat gefält de Sozialisten, déi nach ëmmer zécken, an eréischt am Dënschdeg Nomëtteg decidéieren, wéi si sech beim Vott verhalen.

Déi Gréng an déi Lénk bleiwe bei hirem Nee. Dat läit och um Sträitthema Migratioun.

"Mir musse Liewen um Mier retten", sou d'Ursula von der Leyen. Si wëllt een neie Migratiounspak proposéieren. Wéi deen ausgesäit, verréit si just op Punkte vu méi Grenzschutz, net op deem vu méi Solidaritéit ënner de Memberlänner.

Manner Support um rietse Bord

Trotzdem huet de rietsnationale Bord an der Debatt hei am Parlament méi skeptesch reagéiert, wéi virun der Ried vun der Kandidatin. D'Stëmme vun der Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformiste schéngen net méi sécher ze sinn. Während de rietsextreme Bord de Moie mam Vertrieder vun der däitscher AfD däitlech op Distanz gaangen ass.

Datt d'Droite also vläicht awer net fir d'Ursula von der Leyen stëmmt, kéint nees méi anerer aus der Mëtt an d'Boot bréngen. De Vott ass nach net gelaf.


D'Danièle Weber mat Detailer:

Lauschterenplay_arrow