Radioen

On air

Notturno  |  Nas - Life's a Bitch Feat. AZ & Olu Dara

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ USA fuere keng kloer Linn

Noen Osten

USA fuere keng kloer Linn

Dem US-Ausseminister ass et net gelongen, déi politesch Ambiguitéiten ze reduzéieren, déi d'Trump-Administratioun vis-à-vis vum Noen Osten opweist. Obschonn hie rezent eng Tour duerch d'Regioun gemaacht huet. Dës Usiicht deele lokal an international Medien, déi d'Visite vum amerikaneschen Topdiplomat duerch véier arabesch Länner an d'Tierkei observéiert hunn.

auto_stories

2 min

D'Hisbollah - eng libanesesch, schiitesch, politesch Partei mat engem arméierte Fligel - géif d'Sécherheet vum Libanon a Gefor bréngen, mengt den amerikaneschen Ausseminister Rex Tillerson. Dës Zort vun Deklaratioune gëllen am Libanon als realitéitsfriem. D'Hisbollah gëtt vu Washington nach ëmmer als Terrororganisatioun kategoriséiert, obwuel d'Partei an der Arabescher Republik, souwuel am Parlament, wéi och an der Regierung sëtzt.

Doriwwer eraus huet de Rex Tillerson versicht, fir Washington als Mediateur a konfliktuellen Dossieren tëscht dem Libanon an Israel anzebréngen. Zënter 2009 streide sech Tel- Aviv a Beirut ëm hir maritim Grenz. Notamment an enger Zon, an där no Gas a Pëtrol gesicht soll ginn. Beirut préift momentan d'Konstruktioun vun enger Bëtongsmauer op der Grenz tëscht béide Länner. Déi amerikanesch Léisungsvirschléi sinn an deenen zwee Dossieren op en daaft Ouer gefall.

Iwwerraschend war déi rar Unitéit, déi di libanesesch Politiker an hire Reaktiounen op déi amerikanesch Propositiounen opgewisen hunn. De Libanon géif op seng national Souveränitéit an op déi ëmstridde maritim Energieressourcë bestoen. Déi israelesch Bëtongsmauer dierft op kee Fall op deene Plaze gebaut ginn, well d'Grenz tëscht Israel a Libanon ëmstridde bleift. Souguer de Generalsekretär vun der Hisbollah, den Hassan Nasrallah, huet déi libanesesch Medielandschaft mat senger Reaktioun iwwerrascht. Hien hat behaapt, d'Partei kéint zwar net op hiren arméierte Fligel verzichten, mä hie géif d'Autoritéit vum libanesesche Staat iwwert d'Partei acceptéieren.

Lauschterenplay_arrow