Radioen

On air

Espresso Beats  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Valérie Hayer: "D'Verhandlunge ginn net nees opgemaach"

EUROPA-INTERVIEW

Valérie Hayer: "D'Verhandlunge ginn net nees opgemaach"

Méintlaang huet d'Europaparlament mat de Memberlänner verhandelt, éier ee Kompromëss iwwer den europäesche Budget fonnt gouf. De Blockage vun Ungarn a Polen stellt deen Accord net a Fro, seet d'Valérie Hayer, Europadeputéiert vu La République en marche. Si war Member vum Verhandlungs-Grupp vum Parlament.

auto_stories

3 min

D'Verhandlunge mam Parlament sinn eriwwer a ginn net nees vu vir ugefaangen, seet déi franséisch Europadeputéiert Valérie Hayer vu La République en marche.

"Les négociations avec le Parlement européen sur le budget pluriannuel et le mécanisme de l'état de droit sont terminées. Il n'est pas question de les réouvrir."

Polen an Ungarn blockéieren de Budget wéinst engem Mechanismus, dee fir d'éischte Kéier soll ageféiert ginn, an deen d'Verdeele vun EU-Suen un de Respekt vum Rechtsstaat koppelt.

Rechtsstaatsmechanismus ass wichteg Etapp fir d'EU

De Problem misst elo um Niveau vun de Memberlänner an domat vun de Staats- a Regierungscheffe geléist ginn. Si hätt Vertrauen, dat si eng Léisung fannen, déi och d'Accorden, déi mam Parlament fonnt goufen, respektéieren.

"S'il y a des divergences entre les états membres, ils doivent se régler entre les états membres."

Esou ee Mechanismus anzeféiere wier eng wichteg Etapp fir d'EU, seet d'Valérie Hayer. Vu datt een dofir keng Unanimitéit brauch, géif e souwisou vum nächste Joer un a Kraaft trieden. Et hätt also kee Wäert, fir Ungarn a Polen hei ze blockéieren. An deem si de Budget blockéieren, géife si eng falsch Rechnung maachen, well hinne selwer Milliarden aus dem EU-Budget zoustinn.

"Et muss Schluss sinn, mat der Unanimitéit"

Ausserdeem kéint de Plan de relance och als een intergouvernementalen Accord tëschent deene 25 aneren EU-Länner ofgeschloss ginn, da wieren déi zwee Länner do eraus a géifen awer och keng Fonge kréien.

Déi Diskussioune géifen awer weisen, datt een d'Unanimitéit bei deenen Decisiounsprozesser a Fro stelle muss.

"Cela soulève qu'à quel point il est nécessaire de mettre fin à l'unanimité qui gangrène la prise de décisions entre les états."

Jean Asselborn: Et dierf een elo op kee Fall noginn

De Bäitrag lauschterenplay_arrow

Am Sträit iwwer den europäesche Budget misst d'EU standhaft bleiwen. Esou reagéiert de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn am 100,7-Interview op de Blockage vun Ungarn a Polen.

"Dat Allerfalschst wier, wann een elo erëm un dee Konsens, dee jo ausgeschafft ginn ass, tëschent dem Europaparlament, der Kommissioun an dem Conseil, wann een doru géif fummele goen, an et géif een d'Rechtsstaatlechkeet, déi do jo fixéiert ginn ass, erëm a Fro stellen oder verwässeren oder esou béien, datt et jiddwerengem géif passen."

Souwuel Ungarn a Pole géife vum EU-Budget a vum Fonds de Relance profitéieren.

"Et ass eigentlech eng Normalitéit, datt een, wann ee Member vun der EU ass, d'Rechtsstaatlechkeet respektéiert."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.