Invitée am Moies-Magazin Valerija Berdi

D'Sandy Flinto an de Pierrick Grobéty sinn zwee jonk Kënschtler, déi fir dräi Joer eng Residence an der Escher Kulturfabrik kritt hunn. Elo sinn déi zwee Createuren an enger Résidence am Théâtre de L'oulle zu Avignon. "Vanitas. Live fast, never digest" ass e Stéck iwwer d'Endlechkeet vum Liewen an de mënschleche Kampf géint dës Realitéit. D'Valerija Berdi huet déi ganz Equipe zu Avignon besicht, eng éischt Presentatioun gesinn a mat hinne geschwat.

Valerija Berdi

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen