Radioen

On air

Notturno  |  Fumage - The Way Out

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Véier Stied, dräi Länner, ee Bett

Touristesaison

Véier Stied, dräi Länner, ee Bett

Zesumme mat de Stied Tréier, Saarbrécken a Metz wëllt Lëtzebuerg ee gemeinsame Guide touristique ausschaffen. Déi véier Stied schaffen am Kader vum Städtenetzwierk Quattropole un enger gemeinsamer Strategie, fir um europäesche Plang méi visibel ze ginn, seet den Tom Bellion vum Luxembourg City Tourist Office.

auto_stories

2 min

Am Beräich vum Tourismus gëtt et an där Quattropole-Strategie de Prinzip vu "Véier Stied, dräi Länner, ee Bett", ënnersträicht den Tom Bellion, Direkter vum Luxembourg City Tourist Office: "Mir schécke gezielt Touriste vun där enger Stad an déi aner, wa si bis an der Groussregioun sinn".

Déi véier Stied vermaarten op de Foiren an der Groussregioun iwwregens zesummen hir Sitten. Zum Deel gëtt et eng gemeinsam Reklamm fir d'Chrëschtmäert, déi am Wanter vill besicht géife ginn, seet den Tom Bellion. Nieft engem Guide touristique fir déi véier Stied, géif ee sech och Gedanke maachen iwwer d'Entwécklung vu Promotiounsvideoen.

"Natierlech ass et Konkurrenz, jiddereen verkeeft seng Stad, mee mir wëssen och alleguerten, datt wann d'Läit an der Regioun sinn, datt et awer och flott ass, wa si dat eent an dat anert gesinn an doduerch een Androck vun deem Ganze kréien."

Nei Attraktiounen an der Stad Lëtzebuerg

De Luxembourg City Tourist Office wier am gaangen déi nei Attraktiounen wéi de Pafendaller Lift, de Funiculaire, den Tram an och déi nei Foussgänger a Vëlosbréck ënnert dem Pont Adolphe an de Promenaden z'integréieren.

Potential fir den Inlandtourismus

Et misst ee vill Wäert op d'Lëtzebuerger an déi auslännesch Residente leeën. Iwwer gezielte Promotiounsaktiounen an den Newsletter vu verschiddene Federatioune wéi den ACL, Luxembourg Air Rescue oder d'Wanderfederatioun versicht de Luxembourg City Tourist Office den Inlandtourismus ze fërderen. Och déi nei Residenten, déi nei an d'Land derbäi koumen, misst een uspriechen. Do géif den LCTO mat verschidden europäeschen Institutiounen zesummeschaffen, seet den Tom Bellion.


Interview vum Carole Schimmer mam Tom Bellion

Lauschterenplay_arrow