Déi zweet Dosis vum Vaccin vu Pfizer/BioNTechkann "ouni Problem" och no méi wéi dräi Woche verimpft ginn. Den Delai géif tëschent dräi a siwe Woche leien.
"Déi aner Länner sinn op véier Woche gaangen. An eis Autorités sanitaires hei am Land hunn och recommandéiert fir op véier Wochen ze goen, fir dass mer en uniformen Delai tëscht deenen zwee Vaccinen hunn."
Sechs Dosissen aus enger Ampull
Zu Lëtzebuerg kënne vun elo un aus all Ampull vum Vaccin vu Pfizer/BioNTech sechs, an net méi just fënnef Dosissen gezu ginn. Éischt Essaie mat den neie spezielle Sprëtzen, déi een dofir brauch, hätten e Méindeg gutt funktionéiert, seet de de Luc Feller. "Eis Apdikter sinn erstaunt, wéi gutt dat geet."
Wéi déi éischt Liwwerung vum Impfstoff komm ass, wier d'Recommandatioun vu Pfizer/BioNTech derbäi gewiescht, wéi eng Sprëtz ee misst huele fir fënnef Dosissen aus dem Flacon ze huelen. "Mir hunn där Sprëtzen am Virfeld vill kaaft gehat, well och do gëtt et eng weltwäit Demande am Moment".
Déi Europäesch Medikamentenagence EMA huet den 12. Januar approuvéiert, datt een eng Dosis méi aus engem Flacon huele kann. Fir awer sechs amplaz fënnef Dosissen aus engem Flacon ze huelen, brauch een eng speziell Piqûre: eng Sprëtz "à angle mort", zielt de Luc Feller. "Do hu mer gekuckt fir ganz schnell där Sprëtzen ze fannen, sou datt mer eben elo aus all Flacon net fënnef, mee sechs Dosissen erauskréien. Mir sinn natierlech frou, wa mer eng Dosis méi aus all Flacon erauskréien."
Éischt Leit kruten hir zweet Dosis
Zu Lëtzebuerg wiere bis elo am Ganze 4.600 Leit géint de Coronavirus geimpft ginn, esou de Luc Feller, dorënner wieren der 500, déi gëscht schonn déi zweet Dosis kruten. Als Haut-Commissaire à la Protection nationale de Luc Feller hie fir den organisatoreschen a logistesche Volet vun der Impfcampagne zoustänneg.
Aktuell gëtt haaptsächlech an de Spideeler an an den Altersheemer geimpft. Mat der Zäit soll d'Impfcampagne sech ëmmer méi an an déi regional Impfzentere verlageren. Momentan ass just een dovunner operationell, deen an der Victor-Hugo-Hal um Lampertsbierg. Weider Impfzentere sinn zu Esch/Belval, zu Ettelbréck, um Findel an zu Munneref geplangt.