D'Vëloslocatioun géif nämlech net direkt zum ëffentlechen Transport gehéieren, esou den DP-Schäffen. Et wier eng zousätzlech Transportméiglechkeet, déi gréisstendeels vun der Stad bezuelt géif ginn.
De Vëlossystem géif 18 Euro d'Joer, also 1,5 Euro de Mount kaschten, seet de Patrick Goldschmidt. D'Stad Lëtzebuerg hätt de Moment an a priori och net fir d'nächst Joer fir, de System vum velo'OH! gratis ze maachen.
Och un den Tariffer fir de Carsharing vun der Stad soll sech näischt änneren, wann den ëffentlechen Transport den 1. Mäerz 2020 gratis gëtt.
Den Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt am Gespréich: