Radioen

On air

Resonanzen  |  Will Marion Cook

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verantwortlech fir aneren hiren Haass

Fräie Mikro

Verantwortlech fir aneren hiren Haass

E franséische Politiker gouf verurteelt, well hien op senger Facebooksäit Haasskommentaren net geläscht hat. Dat wier keen Agrëff a seng Grondrechter, huet de Mënscherechtsgeriichtshaff vu Stroossbuerg fonnt. En Urteel, dat och fir Lëtzebuerg relevant ass, mengt de Frank Wies, Affekot a Member vun der consultativer Mënscherechtskommissioun.

auto_stories

3 min

Matzen am Walkampf hat 2011 de Julien Sanchez, en Kandidat vum franséische Rassemblement national, op senger Facebooksäit en ironesche Kommentar iwwer e politesche Géigner publizéiert, deen zugläich Buergermeeschter vun Nîmes an Europaparlamentarier war. Dem Kandidat seng Säit war fir all Mënsch zougänglech a jidderee konnt och selwer Kommentaren drop setzen.

Plainte géint d'Kommentateuren, awer och de Politiker

Dovun hat een Notzer profitéiert, fir dem Buergermeeschter virzewerfen, en hätt d'Stad Nîmes an Alger verwandelt, wou an all Strooss eng Kebabsbud an eng Moschee stéing. Dealer a Prostituéierte wiere Meeschter. Et wier dohier kee Wonner, datt de viséierte Politiker zu Bréissel am EU-Parlament séiz, wier dat dach d'Haaptstad vun der Sharia. Och eng aner Persoun hat direkt dräi Kommentare geschriwwen, déi Moslemen allgemeng an e schlecht Liicht geréckelt hunn.

Et koum zu Plaintë géint déi zwou Persounen, mam Virworf hir Kommentare géifen zum Haass opruffe géint e Grupp vu Leit opgrond vun hirem reliéise Glawen. Mee och de Julien Sanchez gouf ugeklot. Hien hat déi Kommentare sechs Woche laang fir jiddereen ersiichtlech op senger Säit stoe gelooss. Och nodeems hie Kenntnis vun der Plainte hat.

Den Här Sanchez gouf an éischter Instanz zesumme mat den aneren zwou Persounen zu enger Geldstrof verurteelt. Dëst gouf och an de nofolgenden Instanze bestätegt. Woubäi dem Politiker net d'Kommentaren u sech zu Laascht geluecht goufen, mee de Fait, datt hie se op senger ëffentlecher Säit net direkt geläscht a se nach wochelaang zougänglech gelooss hat.

Geriichtshaff zu Stroossbuerg verwerft Klo

Well hien duerch dës Verurteelung säi Recht op fräi Meenungsäusserung verletzt gesinn huet, ass den Här Sanchez dunn de Wee op Stroossbuerg bei de Mënscherechtsgeriichtshaff gaangen.

Den 2. September huet de Geriichtshaff dës Klo verworf. Et wier zwar wichteg, datt Politiker besonnesch an engem Walkampf sech fräi an och emol polemesch äussere kéinten, dëst Recht wier awer och mat Flichte verbonnen. Besonnesch wann et ëm friemefeindlech oder rassistesch Äusserunge geet. D'Toleranz an de Respekt vun der gläicher Würd vun all Mënsch wieren nämlech Piliere vun enger demokratescher Gesellschaft an en Ugrëff dorop misst kënne sanktionéiert ginn.

Do wou d'Meenungsfräiheet benotzt gëtt fir d'Fundamenter vun enger Demokratie a Fro ze stellen, zum Beispill duerch Opruff zum Haass géint eng Grupp vu Leit opgrond vun hirer Relioun oder Hierkonft, do mussen et Grenze ginn. Dem Här Sanchez war desweideren och net de Gebrauch vu senger Meenungsfräiheet reprochéiert ginn, mee de Manktem u Virsiicht a Reaktivitéit. Besonnesch wann een als Politiker seng Internetsäit ëffentlech zougänglech mécht, hätt een eng Verantwortung fir alles wat do publizéiert gëtt.

Och relevant fir Lëtzebuerg

Dëst Urteel misst och zu Lëtzebuerg vun esou munche Parteien a Politiker intensiv studéiert an zu Häerz geholl ginn. Och bei eis ginn et Beispiller, wou polemesch Campagnë géint Ministeren zu haasserfëllte Kommentaren, jo esou guer Mordphantasien op de Websäite vun enger politescher Partei gefouert hunn.

Verschidde politesch Responsabel, déi gäre rhetoresch Ueleg an d'Feier schëdden, hunn an der Vergaangenheet all Responsabilitéit fir ruckelzeg Kommentaren, déi se selwer provozéiert hu vun sech gewisen. Dat dierf an Zukunft net méi duerchgoen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.