Kënnt et zum Verbuet vun der Leihmutterschaft?

20150821-Leihmutterschaft-1000196-1024x684.jpg

D’Reform vum Filiatiounsrecht gesäit vir, dass déi sougenannt Leihmutterschaft zu Lëtzebuerg soll verbuede ginn. Dobäi ass d’”gestation pour autrui” (GPA) schonn eng Realitéit: Koppelen, déi selwer keng Kanner kënne kréien, gräifen am Ausland op d’Méiglechkeet zréck, hirt Kand vun enger anerer Fra ausdroen ze loossen. An eisem Dossier vum Dag zielen de Pierre an de Jean iwwer hir Erfahrung mat enger Leihmutterschaft am US-Bundesstaat Oregon. Wéi déi Lëtzebuerger Administratioune reagéieren, wann si am Hierscht mat hiren Zwillingen zréck an de Grand-Duché kommen ass ongewëss.

Am Dossier vum Pia Oppel héiert Dir och d’Avise vum René Schlechter (Ombudskomité fir d’Rechter vum Kand), Gilbert Pregno (Consultativ Mënscherechtskommissioun), Anik Raskin (Nationale Fraerot) a Paul Rauchs (Société luxembourgeoise de psychiatrie, pédopsychiatrie et psychothérapie):

 

De ganzen Interview mam Pierre a mam Jean:

 

20150825-loschetter-1000197

Et ass nach net decidéiert, ob et zu engem Verbuet vun der sougenannter Leihmutterschaft kënnt, dat gëtt hierersäits d'Viviane Loschetter am 100,7-Interview ze verstoen. “D’Fro ass nach op”, seet déi gréng Fraktiounschefin a Rapportrice vun der Reform vum Filiatiounsrecht. De grénge Justizminister Felix Braz hat sech an de leschte Méint kloer fir esou ee Verbuet ausgeschwat.

Déi meescht Avisen zum Gesetzprojet deelen d’Skepsis vun der Regierung: d’Ausdroe vu Kanner fir eng aner Koppel géif zu enger inakzeptabeler Kommerzialiséierung vum weibleche Kierper féieren, sou d’Warnung. Op der anerer Säit maache besonnesch den Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand an déi consultativ Mënscherechtskommissioun drop opmierksam, dass déi concernéiert Kanner d’Recht op ee séchere juristesche Statut mussen hunn. Deem wéilt déi zoustänneg Chamberkommissioun Rechnung droen, egal ob et zu engem Verbuet vun der Leihmutterschaft kënnt oder net, sou d’Viviane Loschetter.

Den Interview vum Pia Oppel mat der grénger Fraktiounschefin:

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen