Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verfassung: "D'Bierger eescht huelen, vun Ufank un"

Chronik

Verfassung: "D'Bierger eescht huelen, vun Ufank un"

D'Chamber stëmmt haut iwwer eng éischt Serie vun Ännerungen an der Verfassung of. Déi nei Textpassagë gesi vir, d'Onofhängegkeet vun der Justiz ze stäerken. Zwee Drëttel vun den Deputéiert mussen d'Ännerunge gutt heeschen, och an engem spéideren zweete Vott. Wéi ëmmer nees an de leschte Jore gëtt d'Fro diskutéiert, ob een den zweete Vott net sollt duerch e Referendum ersetzen, mee dat ass keng gutt Iddi, an et wier och net koherent, mengt den 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

auto_stories

3 min

De Jean-Claude Franck ass Chefredakter vum radio 100,7

E Verfassungstext ass eng komplex Matière. Ganz Textpassagen engem Referendum ze ënnerbreeden, huet den evidente Risiko, datt een 99 Prozent vum Text vläicht gutt fënnt an ee Prozent manner. Oder et fënnt ee souguer all Artikel gutt, mee hätt awer gär, datt an der Constitutioun och nach ee Recht néiergeschriwwe gëtt, wat engem perséinlech ganz wichteg ass. Oder awer et liest een et net, gleeft awer all deenen, déi soen, datt mat där dote Verfassung souwisou d'Apokalyps agelaut gëtt.

Eng rezent Informatiounsversammlung iwwer déi geplangte Verfassungsrevisiounen huet gewisen, wéi séier (bewosst oder onbewosst) Amalgamme gemaach ginn. Wa Leit elo mengen, déi ganz Verfassungsrevisioun wier just dofir do fir duerch d'Hannerdier eng Impfflicht anzeféieren, obwuel weder den Historique nach déi geplangten Ännerungen dat beleeën, weist dat, datt ee Referendum kengem eppes wäert bréngen - ausser deenen, déi dat bewosst wëllen notze fir Onrouen ze schafen.

D'Bierger hätte méi fréi sollen agebonne ginn

Mee egal, ob sech wäerte méi wéi 25.000 Bierger oder 15 Deputéiert fanne fir e Referendum nom éischte Vott unzefroen, bleift et um Enn en Dossier, dee vum Parlament deelweis amateurhaft an inkoherent ugepaakt gouf. D'Vollek hätt um Ufank vun den Aarbechte sollten agebonne ginn, an net um Schluss.

Net ze vergiessen och, datt et 2015 schonn e Referendum gouf: Datt do verschidde wichteg Froen net gestallt goufen, an d'Informatiounscampagne katastrophal gefouert gouf, war e weideren Déifpunkt.

Inkoherent war dat Ganzt och op e puer Punkten. Fir d'alleréischt waren d'Parteie sech selwer net eens, ob e Referendum um Schluss géif Sënn maachen, an all grousser Fraktioun gouf et déi eng an déi aner Meenung. De Referendum war laang virgesinn a stoung och 2013 am Koalitiounsaccord, mee no engem finale Volte-face vun der CSV ass déi Iddi nees fale gelooss ginn, wat der um Enn vill arrangéiert huet.

Mee ëmmerhi goufen d'Bierger och an aneren Etappen agebonnen: Se konnten iwwer d'Plattform ÄrVirschléi.lu konkret Propositioune maachen, an doropshi goufe weider Textpassage vun der Chamber iwwerschafft. A virun allem konnten och d'Parteien an der Chamber jorelaang aktiv mat dru schaffen.

Iwwer 15 Joer laang gouf a villen Detailer iwwer d'Formulatioun vun der méi wéi 150 Joer aler Constitutioun diskutéiert, ëmmer mat der Contrainte, datt een e breede Konsens bräicht, well um Enn zwee Drëttel vun den Deputéiert musse mat Jo Stëmmen.

D'Parteien hunn e puer Mol hir Meenung geännert

D'ADR, déi lo eegenen Aussoen no 30.000 Euro aus der Parteikeess ausgëtt fir d'Leit fir e Referendum ze mobiliséieren, huet sech zum Schluss un den Aarbechten um Text weider net méi bedeelegt. Vun de Biergerpanels, déi organiséiert goufen, huet d'ADR net vill gehalen.

Den ADR-Deputéierte Roy Reding, dee selwer an der Verfassungskommissioun déi Zäit net vill matgeschwat huet, sot 2016 : "Do geet et ëm Rechter a Flichte vun engem Bierger. Et geet ëm d'Definitioun vun enger Staatsform. Et geet ëm eng Definitioun vun den Organer vum Staat. Dat ass näischt, wat sech immens eegent, fir stonnelaang dobäi Téi ze drénken."

Aus de Preparatioune fir en zweete Referendum huet d'ADR sech also erausgehalen. Elo, wou de Referendum net méi virgesinn ass, gëtt déi selwecht Partei Cotisatioune vun hire Memberen aus, fir nees een erbäizeféieren. Ee Beispill, wéi quasi all Partei an der Fro vun der Biergerparticipatioun e puer mol hir Meenung geännert huet, sou wéi et da grad gepasst huet. Wann ee Biergerparticipatioun wëllt, sollt een d'Bierger och Eescht huelen, vun Ufank un.