Radioen

On air

Notturno  |  Bedouine - One Of These Days

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verfassung: "E Referendum ass ëmmer Delikat"

Verfassungsreform

Verfassung: "E Referendum ass ëmmer Delikat"

Et gëtt nach keng Strategie fir d'Bierger och weiderhin an d'Reform vun der Verfassung anzebannen, seet d'Simone Beissel. Déi aktuell Verfassung soll net komplett duerch eng ganz nei ersat ginn. D'Verfassung soll awer op ronn 30 Punkten aktualiséiert ginn. Dat hunn CSV, DP, LSAP an Déi Gréng en Dënschdeg zesummen decidéiert.

auto_stories

2 min

Ee Referendum iwwer de ganzen Text ass domat vum Dësch. Suergt dat fir Erliichterung bei den dräi Regierungsparteien? "E Referendum ass ëmmer eppes Delikates", äntwert dorop d'Simone Beissel. Et wier an éischter Linn wichteg d'Populatioun elo mol ze informéieren.

D'Regierung hat jo eigentlech fir den Hierscht eng breet Informatiounscampagne annoncéiert, wéinst dem "Hick-Hack", deen am Summer lassgetrëppelt ginn ass, hätt dës Campagne awer net wéi geplangt kéinte lancéiert ginn, well d'Koalitiounsparteie sech schlussendlech net méi mat der CSV op e gemeinsamen Text konnten eenegen. Momentan wier dofir nach net kloer, ob a wéi d'Bierger an de Prozess wäerte mat agebonne ginn, sou d'Simone Beissel.

"Versuch fir aus der totaler Immobilitéit erauszekommen"

Déi dräi kleng Oppositiounsparteie waren net an déi Decisioun agebonnen an d'Simone Beissel versteeet dofir och hir Enttäuschung an hire Frust. "Mee dat ass eng politesch Decisioun déi mer geholl hunn, well mer einfach wollte probéieren aus der totaler Immobilitéit d'Saachen nees ze beweegen", sou d'Simone Beissel. An enger zweeter Phas géifen d'Detailer elo virgestallt ginn, "a bien entendu, kënne se da Punkt fir Punkt jo oder nee soen, oder aner Saache proposéieren".

Wien iwwerhëlt d'Presidence vun der Chambrekommissioun iwwer d'Verfassungsrevisioun

DP-Deputeiert ënnersträicht, d'Parteie geifen an de nächste Wochen an der zoustänneger Chamberkommissioun doriwwer beroden. Wien déi Gespreicher wäert leeden ass nach net kloer. Den LSAP-Deputéierten Alex Bodry, dee bis elo President vun der Kommissioun war, kéint nämlech geschwënn an de Staatsrot wiesselen. Nach géif et kee Kandidat fir hien ze ersetzen, esou d'Simone Beissel

Den Alex Bodry misst fir d'éischt emol am Januar eng definitiv Decisioun huelen. Si wier perséinlech un der Presidence vun der zoustänneger Chamberkommissioun interesséiert, mee heibäi géif et ëm eng politesch Decisioun goen, där si net virgräife kéint.