Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verfassungstheater: Wéi an engem schlechte Film

Fräie Mikro

Verfassungstheater: Wéi an engem schlechte Film

De politeschen Theater ëm d'Verfassungsrevisioun zu Lëtzebuerg war keen Highlight vum Joer 2021. Grad an enger Zäit, an där d'Pandemie eis nach all am Grëff huet, wier et wichteg, wann eis Diskussioun iwwer demokratesch Grondrechter mat méi Suergfalt geféiert géif ginn, mengt de Laurent Moyse.

auto_stories

4 min

De Journalist Laurent Moyse. Foto: Archiv

D'Joer 2021 hätt kënnen eng Chance si fir niewent dem Kampf géint de Coronavirus och e Meilesteen an der Verfassungsrevisioun ze setzen. Leider huet een den Androck, datt mir am gaange sinn, an engem schlechte Film matzewierken, wou sämtlech Acteuren hir Roll an dëser Serie B ouni Glanz interpretéieren.

Hei spille besonnesch eis Parteie gär mam Feier, an dat queesch duerch de ganze politesche Spektrum. D'Majoritéitsparteien haten an hirem Walprogramm e Referendum fir d'Verfassungsrevisioun virgesinn, zu enger Zäit, wou et ganz "in" war, sech mat vollem Äifer fir méi direkt Demokratie anzesetzen.

Dobäi dierf een net vergiessen, datt déi representativ Demokratie awer och de Garant vun der Legitimitéit vun eisen Institutiounen ass. Den Ëmschwong vun de Regierungsparteie bei dëser Fro huet hir Credibilitéit ugekraazt, besonnesch well si net amstand waren, déi 180-Grad-Kéier uerdentlech ze erklären.

D'Oppositiounsparteie liwwere kee bessert Bild of. Déi gréisst vun hinnen huet sech e puer Mol opportunistesch mam Wand gedréint, an déi aner Parteien hu sech hemmungslos mat staark populisteschen Téin bemierkbar gemaach, an der Hoffnung, bis 2023 Punkte beim desorientéierte Wieler ze sammelen.

Vill Leit versti net, ëm wat et wierklech geet

Eng Verfassung ass eng komplex Matière, déi aus ville juristesche Spëtzfënnegkeete besteet. Eis Parlamentarier hu jorelaang hanner zouen Dieren eenzel Artikel ënnersicht a reformuléiert, woubäi si eenzel Wierder a Konzepter op d'Wo geluecht hunn. Si hunn Avise vu spezialiséierte Gremien ageholl, sou zum Beispill vun der Commission de Venise, een Organ vum Conseil de l'Europe, dat juristesch Rotschléi un d'Memberstaate gëtt, esou datt d'Verfassung den demokratesche Wäerter an den allgemenge Mënscherechter gerecht bleift.

Wuel hunn eis Deputéiert och Experten um nationale Plang consultéiert, an och een Appell un d'Bierger gemaach, si sollen hir Virschléi eraginn. Mee déi allerwéinegst hu spontan matgeschwat, deels well d'Diskussioun vun technescher Natur war, deels well den Interessi sech a Grenze gehalen huet.

Wann een da mierkt, datt vill Leit net verstinn, ëm wat et richteg geet, kann ee sech effektiv froen, wat dat fir e Sënn mécht, fir e Referendum iwwer esou eng Reform ze halen. Wuel liewe mir an enger Zäit, wou ee gär seng Meenung iwwer alles gëtt, och wann een net vill dovunner kennt oder ee mengt, et besser ze wëssen. Fir eng breet Consultatioun konstruktiv ze féieren, misst awer am Detail erkläert ginn, wat fir Iwwerleeungen eis Experten an Deputéierten dozou bruecht hunn, den Text a senger Neifaassung esou festzehalen.

En onkloert Gepiddels

Och d'Zerstéckelung a véier Etappe bei der Ofstëmmung an der Chamber dréit net zur Kloerheet vun der legislativer Aarbecht bäi. De Prinzip vun enger Gesamtrevisioun war jo festgehale gi fir ze vermeiden, datt vill eenzel Ännerunge sollte gemaach ginn, wéi dat an der Vergaangenheet ëmmer nees de Fall war.

Dat Gepiddels, dat zum Schluss erauskomm ass, huet héchstens déi Stréimunge gestäerkt, déi hiert Mësstrauen an eis Institutiounen haart an däitlech zum Ausdrock bréngen an deemno eis Demokratie weider ofschwäche wëllen.

Grad elo, wou eis demokratesch Strukturen duerch déi undauernd Pandemie, duerch national Frustratiounen an duerch international Spannunge ferm gerëselt ginn - wat mat der Zäit zu engem explosive Cocktail kéint féieren - läit d'Verantwortung bei eise gewielte Vertrieder, fir eng déifgräifend Diskussioun - onofhängeg vu waltaktesche Rechnungen - iwwer eis Grondwäerter ze leeden.

Mee och d'Bierger mussen hei d'Chance ergräifen, an dëser wichteger Saach matzeschwätzen, an zwar ouni bëlleg Polemik oder perséinlech Ofrechnungen. Nëmmen da kann ee vun enger opgekläerter demokratescher Gesellschaft schwätzen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.