An de Verhandlungen tëschent de Memberlänner an dem Europaparlament gouf scho vill erreecht. Iwwer déi Punkten, an deenen ee sech eens ass, géif net méi diskutéiert, seet d'Gaby Bischoff, däitsch Europadeputéiert (SPD), déi d'Verhandlungen zu Bréissel am Numm vum Parlament féiert. Opgemaach ginn nach eng Kéier déi Kapitelen, wou keen Accord erreecht gouf. Dozou gehéiert dat vun de Chômageindemnitéiten, confirméiert d'Gaby Bischoff,
Bei deem Punkt gouf et schonn ee Kompromëss, deen am Mäerz ausgehandelt gouf, deen awer dono keng qualifizéiert Majoritéit vun de Memberlänner krut.
Kompromëss ass Basis vun den Diskussiounen
Dëse Kompromëss gëllt als Basis fir d'Diskussiounen, sou d'Gaby Bischoff. Dee Kompromëss huet virgesinn, datt ee Frontalier, deen an de Chômage kënnt a virdrun op d'mannst sechs Méint zu Lëtzebuerg geschafft huet, während maximal 15 Méint Chômage vu Lëtzebuerg ausbezuelt kritt.
Déi Indemnitéite géifen him a sengem Heemechtsland ausbezuelt ginn. Do hätt Lëtzebuerg da keng Moyene méi fir Kontrollen ze maachen, sou eng vun den Haaptkritike vun der Lëtzebuerger Regierung. Den Aarbechts- an de Sozialminister hate béid och am Mäerz gesot, si wieren der Meenung, datt dat neit EU-Reglement nach net prett wär, et wieren nach ze vill Detailer net gekläert.
Ënnerschiddlech Modeller am Gespréich
Et géifen am Ablack ganz ënnerschiddlech Modeller diskutéiert ginn, an et wier ze fréi eppes iwwer déi Modeller ze soen, sou d'Gaby Bischoff. Et wier wichteg, datt déi ënnerschiddlech Situatioun en Vue vun de Frontalieren an de verschiddene Memberlänner mat berücksichtegt gëtt. Et wier elo un de Memberlänner ze soen, wéi eng Punkte genee vum Kompromëss sollten nei op de Leescht geholl ginn.
D'Parlament selwer ass och gespléckt an där Fro. Am Abrëll sollt nach virun den Europapawahlen iwwer eng Positioun ofgestëmmt ginn. Deemools huet sech awer eng ganz knapps Majoritéit dofir ausgeschwat, dee Vott bis no de Wahlen ze verleeën.
D'Situatioun am Parlament wier ähnlech wéi déi ënner de Memberlänner, sou d'Gaby Bischoff. "Mir probéieren elo doduerch, datt mir eis just op déi komplizéiert Froen an de Verhandlunge konzentréieren, eng Léisung ze fannen".