Radioen

On air

De Moien  |  Cornershop - Brimful Of Asha

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verhandlungen CNS/Fapsylux: Onofhängeg Instanz soll tranchéieren

Remboursement vu Psychotherapeuten

Verhandlungen CNS/Fapsylux: Onofhängeg Instanz soll tranchéieren

Echec an de Verhandlungen tëscht CNS a Fapsylux. Elo soll eng onofhängeg Instanz sech d'Argumenter vu béide Säiten unhéieren. Fir de Christian Oberlé ass de Remboursement net vum Dësch.

auto_stories

1 min

De Christian Oberlé ass President vun der Gesondheetskeess

D'Diskussioune mam Beruffsverband vun de Psychotherapeuten iwwer eng Prise en charge vun den Therapien, déi 2017 ugelaf sinn, hunn also ëmmer nach net zu engem Resultat geféiert.

CNS a Fapsylux si sech net eens ginn

Um Enn wieren et déi ënnerschiddlech Virstellungen iwwer d'Tariffer, déi fir den Echec gesuergt hätten, sot eis de President vun der CNS Christian Oberlé op Nofro hin.

Elo soll eng onofhängeg Instanz sech d'Argumenter vu béide Säiten unhéieren, an dann tranchéieren:

De Christian Oberléplay_arrow

"Dat ass vum Gesetz esou virgesinn, dass esou Demarchë méiglech sinn. Insofern ass dat, mengen ech, och e gutt Instrument, well soss si mer nach Méint am Gaang."

2017 hätt ee mat dësen Negociatiounen ugefaangen, an jiddweree wéilt, datt d'Assuréë rembourséiert ginn. "An dann ass dat do, mengen ech, dee gescheitste Wee", seet de Christian Oberlé.

Den Echec géif also net bedeiten, datt de Remboursement vun de Psychotherapien vum Dësch ass. Am Géigendeel: de Christian Oberlé mengt souguer, datt en elo méi séier kënnt, wéi wa weider verhandelt gi wier.